Hinduismus

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Hinduismus ass mat enger 900 Millioune Gleeweger nom Chrëschtentum, Juddentum an dem Islam déi drëttgréisste Relioun op der Äerd. Den Hinduismus huet seng Originnen an Indien an de Gleewege gëtt "Hindu" genannt.

Verbreedung no Länner

Déi meescht Hindue liewen an Indien, déi ongeféier 80% vun der Populatioun ausmaachen. Dëst ass och de Fall an den Nopeschlänner, wéi Nepal, Bangladesch a Sri Lanka.

Am Hinduismus sinn eng grouss Unzuel vu Traditiounen, Gemeinschaften a Glawensrichtunge vertrueden. All eenzel Traditioun huet hir eege Schrëft, Léieren a Geschichten iwwert d'Gëtter. Déi helleg Schrëfte vum Hinduismus sinn d'Veda, e Wuert dat aus dem Sanskrit staamt, a "Wëssen" bedeit. Déi meescht Hindu gleewen net nëmmen un ee Gott, mä u verschidde Gëtter, vun dohier sinn se Polytheisten. An e puer Richtunge vum Hinduismus ginn et souguer Haaptgëtter an Niewegëtter. All Hindu gleewen un déi gëttlech Kraaft Brahman, souwéi och un d'Widergebuert an d'Erléisung. Eng besonnesch Bedeitung huet d'Pilgeren an Tempelen, op helleg Plazen oder an helleg Stied, wou si hier Gëtter veréiere kënnen.

Fir Hindue war d'Welt schonn ëmmer do. Dobäi duerchleeft d'Welt ee stännege Kreeslaf vun "Entstoen a Vergoen".

Hindue riichten hiert Liewen no enger Aart Behuelenskodex, dat sougenannt "Dharma". Dat heescht, si mussen hir Flichte z.B. géigeniwwer der Famill an de Frënn erfëllen, den Noperen hëllefen, frëndlech mat anere sinn an d'Wourecht soen. Dobäi hëllefen hinnen "déi zéng Liewensreegelen".

Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

Den Hinduismus huet säin Ursprong an Indien a gëllt als eng vun deenen eelste Reliounen iwwerhaapt. Wéini genau den Hinduismus entstanen ass, ass net sécher gewosst, well et kee Grënner gëtt. Fest steet, datt et virun ongeféier 4500 Joer ee Vollek gouf, dat laanscht dem Floss Indus gelieft huet. D'Muslimen, déi am 13. Joerhonnert an Indien agewandert sinn, goufe spéider Hindue genannt, well Hindu den iraneschen Numm fir de Floss Indus ass. Vun do kënnt och de Begrëff Hinduismus. Ëm 1750 v.Chr. sinn d'Arier aus der Géigend vum Uralgebitt an dat haitegt Indien agewandert. Geschichtlech gesi waren si en Nomadevollek aus Zentralasien. Reliéis Usiichte vun den zwee Vëllker hunn sech vermëscht, wourauser den hinduistesche Glawen entstanenen ass.

Helleg Kou an aner Symboler[änneren | Quelltext änneren]

'OM' Zeechen

Eng Eegenaart ass d'Veréierung an de Schutz vun der helleger Kou. Doriwwer eraus iesse Vill Hinduen kee Fleesch. Si schounen alles wat lieft, schluechte keng Déieren a si gréisstendeels streng Vegetarier. D'Kou gëtt besonnesch veréiert a geschützt. Der Kou hiren indeschen Numm "aghnya" bedeit iwwersat: Déi Onuntaaschtbar. D'Kou gëtt als Mamm bezeechent, well si de Mënschen alles wat fir d'Liewe wichteg ass schenkt, si fiddert souzesoen d'Mënschen. Mä si suergt net nëmme fir Iessen a Kleedung, mä och fir wäertvollen Dünger, Ënnerdaach, Medezin an Aarbechtskraaft. Nach haut ass si fir vill aarm Baueren an Indien dat eenzegt Zuchdéier. Domadder ass si eng Stäip vun der Landwirtschaft; fir Milliounen an de Stied an an den Dierfer ass hir Mëscht dat wichtegst Brennmaterial fir dat deeglecht Kachen a gëtt och als Baumaterial vun Haiser an den Dierfer genotzt. Well de Gott Krishna zum Schutz an enger Hiertefamill mat Kéi opgewuess ass, gëllt d'Kou och als helleg. Ausserdeem gëtt d'Kou deelweis als Gëttin an den hinduistesch Schrëften erwäänt.

Dat wichtegst Symbol am Hinduismus, ass déi helleg Silb "OM" (AUM) a steet fir d'Liewen, fir d'Entstoen a fir d'Vergoen. Dofir ass et och dat bekanntste Mantra (helleg Silb) wat et am Hinduismus gëtt.

Gëttlech Veréierungen & Ofwandlungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Hinduismus ginn et dausende vu Gëtter, well d'Hindue fir all Liewensberäich ee Gott brauchen. Déi dräi Haaptgëtter si Brahma (den Erschafer vun der Welt), Vishnu (den Erhaler vun der Welt) a Shiva (den Zerstéierer), zesumme bilden si d'Trimurti.

  • Brahma: Hindue gleewen, dass Brahma aus engem Ee aus dem Universum komm ass an dann d'Welt erschaf huet. Hie selwer gouf awer vu kengem erschaf. No dem hinduistesche Glawen ass keen anere Gott esou wéi de Brahma op d'Welt komm. Trotzdeem gëtt Brahma hautdesdaags net méi esou vill veréiert. An Indien sinn nëmmen nach zwee Tempelen him geweit. Brahma erkennt een un senge véier Käpp, déi an all Himmelrichtunge kucken. Op deene meeschte Biller gëtt Brahama och nach mat véier Äerm duergestallt.
  • Shivaismus: Eng vun den dräi Haaptstréimunge vum Hinduismus ass de Shivaismus. Am Mëttelpunkt steet de Gott Shiva. Am Shivaismus ginn et verschidde Stréimungen. Reliéis Praxis a philosophesch Léiere vun deene ville verschiddene Stréimunge kënne sech staark ënnerscheeden.
  • Vishnuismus: Am Mëttelpunkt vum Vishnuismus steet de Gott Vishnu. Vishnuismus besteet och aus ville verschidde Stréimungen. Zwar veréieren se all de Vishnu, respektiv eng vu senge ville Formen, an trotzdeem vertrieden si vollkomme verschidde Léieren a Philosophien.
  • Shaktismus: De Shaktismus ass eng Form vum Hinduismus, déi sech op weiblech Gëtter bezitt. Déi sougenannt Shakti gëtt als weiblech geduecht Urkraft vum Universum ugesinn.

Karma[änneren | Quelltext änneren]

D'Virstellung vum Karma gouf ongeféier vum 6. Joerhonnert v.Chr. an den hinduistesche Schrëften nogewisen. D'Karma spillt am Hinduismus eng wichteg Roll. Karma bezeechent d'Folleg vum Handelen an Denken, esou wéi d'Wierkung op den Handelnde selwer. Esou wuel gutt wéi och schlecht Karma féiert zu enger Widergebuert. Dat eigentlecht Zil ass et dofir kee Karma méi ervirzeruffen.

Erëmgebuert[änneren | Quelltext änneren]

All Hindue gleewen un Erëmgebuert vu jiddwerengem, dëst gëtt och Reinkarnatioun genannt. Si sinn dovunner iwwerzeegt, dass et e Liewen nom Doud gëtt. Dofir ass d'Séil vum Mënsch onstierflech a si lieft an enger anerer Form weider. Hindue gleewen dorun, dass e Mënsch an enger anerer Kast oder an der selwechter, als Déier oder esou guer als Stee erëmgebuer ka ginn. Si schwätze vun engem Kreeslaf aus Gebuert, Doud an Erëmgebuert. Dësen éiwege Kreeslaf heescht "Samsara". Duerch gutt Dote kann een sech mat Gott vereenen. Et ass also no der hinduistescher Relioun méiglech, dee Kreeslaf ze verloossen. Dat nennt een d'"Erléisung" oder "Moksha". Dëst ass dat héchsten Zil vun engem Hindu.

Gesellschaftsuerdnung[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Aart Andeelung an der Gesellschaft suergt dat sougenannt Kastesystem. D'Hindue gleewen, dass all Mënsch an enger Kast gebuer gëtt, also enger bestëmmter sozialer Schicht zougedeelt gëtt. E Wiessel aus senger Kast ass zu Liefzäiten net méiglech. Et gi véier Haaptkasten: Brahmanen (Priister), Kshatriyas (Krichsleit, Adeleg a Beamten), Vaishyas (räich Baueren, Handwierker an Händler) an d'Shudras (aarm Baueren, Kniechten an Dénger). Zousätzlech ginn et nach "Parias" oder déi "Onuntaaschtbar" (déi Ënnerdréckt). Vill Hindue wiessele wéinst dëser Diskriminatioun an de Buddhismus eriwwer.

Stellung vun der Fra[änneren | Quelltext änneren]

D'Fraen a Meedercher sti nom hinduistesche Glawen ënnert de Männer an hunn net déi selwecht Rechter. Hei gëlle Fraen als "nach wäit ewech" vun der Erléisung a musse fir d'éischt als Männer erëmgebuer gi fir dann dohinner ze kommen.


Commons: Hinduismus – Biller, Videoen oder Audiodateien