Éisträicheschen Ierffollegkrich

Vu Wikipedia
Keeser Karl VI.
Maria Theresia

Den Éisträicheschen Ierffollegkrich ass 1740 nom Doud vum Karl VI. ausgebrach, a sollt bis 1748 daueren.

Am Joer 1740 ass et eriwwer mam Gläichgewiicht an Europa, an dat mam Doud vun zwee groussen Herrscher. Nom Doud vum Friedrich Wilhelm I. geet d'Kroun u säi Bouf, de Friedrich II., deemools 28 Joer jonk, deen de Ruff vun engem "Bel Esprit" huet, a sech haaptsächlech mat Museker, Philosophen a Poeten ofgëtt, also als "ongeféierlech" gëllt. Den Doud vum Keeser Karl VI. ass do scho méi problematesch. D'Pragmatesch Sanktioun, duerch déi seng Duechter Maria Theresia sollt d'Territoirë vun der Monarchie ierwen, gouf net vun allen europäeschen Herrscher unerkannt. De gréisste Problem war net, wat si ierwe sollt, mä wien alles dovu profitéiert. Bestuet war d'Maria Theresia nämlech mam François III. vu Loutrengen, an duerch d'Ierfschaft hat dësen eng Chance zum Keeser gewielt ze ginn. Fir Frankräich hätt dat d'Habsburger als direkt Nopere bedeit, wat si op kee Fall wollten. Doriwwereraus haten de Friedrich vu Preisen an de Karl Albrecht, Kurfürst vu Bayern hir eege Meenungen wéi den Territoire am beschte kéint opgedeelt ginn.

Dem Friedrich II. säin Ugrëff op Schlesien am Dezember 1740 provozéiert de Krich. De jonke Kinnek vu Preisen notzt de Moment aus fir seng eege Lännereien op Käschte vun Éisträich ze vergréisseren, wat duerch d'Ierffolleggedeessems geschwächt ass.

Friedrich II. vu Preisen
Karl Albrecht vu Bayern

Den 11. Dezember setzt de Friedrich II. der Maria Theresia en Ultimatium, an dem hie Schlesien als Präis fir seng Unerkennung vun der Pragmatescher Sanktioun a seng Ënnerstëtzung fir d'Wiel vun hirem Mann François zum Keeser fuerdert. Ouni op eng Äntwert ze waarden, falen d'Preisen de 16. Dezember a Schlesien an, a besetzten d'Gebitt ouni grouss Resistenzen. D'Éisträicher hu sech a Béimen a Mieren zeréckgezunn an d'Preise konnten de ganze Wanter iwwer a Schlesien bleiwen. Nëmmen nach d'Festunge Glogau, Brieg an Neisse waren an éisträichescher Hand. De 5. Abrëll 1741 kënnt et zu der Schluecht vu Mollwitz, enger Victoire fir d'Preisen. Dës Victoire encouragéiert d'Fransousen, de Kurfürst vu Bayern aktiv bei senger Campagne z'ënnerstëtzen, fir zum däitsche Keeser gewielt ze ginn. Ausserdeem gëtt zu Versailles och iwwer eng Allianz mam Kinnek vu Preisen nogeduecht, deen jo awer méi staark ass, wéi dat ugeholl gouf. De 5. Juni 1741 schléissen déi dräi eng Allianz. De Karl-Albrecht kritt d'Stëmm vum Kurfürst vu Brandenburg zougeséchert an eng militäresch Hëllef vu Frankräich. Dem Friedrich seng Eruewerungen a Schlesien ginn unerkannt, an de Louis XV. kritt Berg a Juliers. Schonn am Mee 1741 war et zu enger Allianz tëscht Bayern a Spuenien komm, déi zu Nymphenburg ënnerschriwwe gi war: de Karl-Albrecht huet dem Philippe V. seng Rechter op d'italienesch Territoirë vun den Habsburger unerkannt.

Sou entsteet eng Koalitioun géint Éisträich, ouni datt Frankräich der Maria Theresia oppen de Krich erkläert huet. De Maillebois passt mat enger Arméi zu Hannover op, datt d'Englänner neutral bleiwen, an an der Tëschenzäit mécht sech de Belle-Isle mat enger zweeter Arméi op de Wee Richtung Éisträich.

Krich a Béimen an a Bayern (1741-1743)[änneren | Quelltext änneren]

George II. vun England
Belle-Isle

De Karl Albrecht vu Bayern féiert seng Truppen, déi aus Fransousen a Bayern bestinn, an Ueweréisträich. De Moritz vu Sachsen, deen e Corps vun dëser Arméi leet, hëlt Linz a Passau an, bedreet Wien a marschéiert a Béimen an. Hien erreecht och, datt säi Brudder Friedrich August, Kurfürst vu Sachsen a Kinnek vu Polen, sech an de Krich amëscht. Trotz dem Verhale vum Friedrich II., deen obschonn hien eng Allianz mat Frankräich huet, de 7. Oktober 1741 e separate Waffestëllstand zu Klein-Schellendorf mat der Maria Theresia aushandelt, zéie sech d'éisträichesch Truppen zeréck.

Am November belageren d'franséisch Truppe Prag an huelen d'Stad schliisslech an. De Karl Albrecht mécht seng Entrée zu Prag a léisst sech als Karl III. zum Kinnek vu Béime kréinen. Duerno verléisst hie Prag nees, a léisst d'Stad de Fransousen ënner dem Commandement vum de Broglie. De Karl Albrecht reest op Frankfurt wou hien de 24. Januar 1742 zum Keeser ënner dem Numm Karl VII. gewielt gëtt.

1742 geet et fir Éisträich allerdéngs nees biergop. D'Maria Theresia war trotz dem Réckzuch nämlech net inaktiv bliwwen. De 25. Juni 1741 gëtt si zur Kinnigin vun Ungarn gekréint, an duerch eng grouss Ried um Reichstag den 11. September sinn d'Ungaren averstanen, hir eng Arméi vu 40.000 Mann zur Verfügung ze stellen. Aus dem Tiroul kënnt weider Ënnerstëtzung. Sou kënnen d'Éisträicher Linz zeréckerueweren an a Bayern afalen. Den 23. Februar 1742 huelen si souguer München an. De Friedrich II. huet an der Tëschenzäit de Waffestëllstand vu Klein-Schellendorf "vergiess", an ass a Mieren agefall. De 17. Mee 1742 gëtt et op en Neits eng Victoire fir d'Preisen géint d'Éisträicher an der Schluecht vu Chotusitz. No Virverhandlungen zu Breslau kënnt et zu engem Friddensvertrag tëscht Preisen an Éisträich den 28. Juli 1742 (Traité vu Berlin).

Well de Friedrich II. sech och net méi u seng Allianz mat Frankräich hält, stinn des elo eleng a Béimen. Prag gëtt vun den Éisträicher zeréckeruewert. Dem Belle-Isle geléngt et awer an engem spektakuläre Manöver mat 15.000 Mann aus der Stad ze kommen. Prag kapituléiert den 2. Januar 1743. D'Campagne a Béimen ass en Echec vun der anti-éisträichescher Politik vum Belle-Isle an huet schlussendlech nëmmen dem Friedrich II. erlaabt, Schlesien anzehuelen.

1743 schéckt England der Maria Theresia Truppen, ouni Frankräich de Krich z'erklären. Den George II. begéint de 27. Juni 1743 bei Dettingen um Main der Arméi vum Noailles, a gewënnt des Schluecht. Um Enn vum Joer 1743 zéie sech d'Fransousen op de Rhäin zeréck, a reorganiséieren d'Arméi.

Aner Fronten[änneren | Quelltext änneren]

De Krich huet sech net nëmmen op däitschen Territoiren ofgespillt, mä och an Italien. Allerdéngs sinn des Kämpf extreem zweetrangeg, wat de ganze Krich ugeet. De Charles-Emmanuel vun der Savoie hat zwar d'Pragmatesch Sanktioun net unerkannt, mä kritt awer Angscht, bei senge Versich Mailand z'erueweren, eleng géint d'Spuenier do ze stoe. Sou muss hien eng Säit wielen, an hie schléisst sech der Maria Theresia un a gëtt vun den Englänner ënnerstëtzt. 1743 kënnt et zur Schluecht vu Campo-Santo, mä ouni eendeitege Gewënner. Zu Worms ginn den 13. September Accorden ënnerschriwwen, wouduerch et zu enger Allianz tëscht Éisträich, England a Sardinie kënnt: De ie Charles-Emmanuel kritt eng Arméi vun 30.000 éisträicheschen Zaldote gestallt, Subsiden, an eng Partie vun den Territoiren ronderëm Mailand. Dofir muss hien d'Pragmatesch Sanktioun akzeptéieren. No dësem Ofkommes brécht de Louis XV. all Verhandlunge mat der Savoie of, a schléisst mam Traité vu Fontainebleau de [[25. Oktober 1743, en zweete Familljepakt mat Spuenien. Déi zwou Monarchien halen zesumme fir Mailand a Parma zeréck z'erueweren. Spuenien hofft souguer Gibraltar a Minorca zeréckzekréien. Italien an d'Mëttelmier sinn 1744 déi nei Bün vun dësem Krichsspektakel. De Prënz vu Conti kann Nice erueweren.

Och England bleift net verschount. Et gëtt ëmmer nees Pläng fir Invasiounen an England, mam Zil dem Old Pretender James III. nees zeréck op den Troun ze hëllefen. Mä schlussendlech bleift et bei enger passiver Sympathie vum Louis XV. fir d'Jakobiten.

Preise verfollegt weiderhi seng eege Politik, trotz Allianzen. Sou probéiert hien eng nei Allianz mat Frankräich ze schléissen, obschonn hie sech mat der Maria Theresia gëeenegt hat. D'Sympathie fir de Kinnek vu Preisen, dee blann vum d'Argenson ënnerstëtzt gëtt, ass ënner anerem duerch de Voltaire a Frankräich grouss. D'Maria Theresia kann de Friedrich August vu Sachsen als Alliéierte gewannen, mä si verléieren d'Schluecht zu Hohenfriedeberg de 4. Juni 1745 an de Friedrich II. kann Dresden anhuelen. De 25. Dezember 1745 ënnerschreift de Friedrich II. mat Éisträich a Sachsen de Fridde vun Dresden an zitt sech definitiv aus dësem Krich zeréck.

Mä de Krich ass nach laang net eriwwer, a verlagert sech an d'éisträichescht Holland.

Franséisch Victoiren an Holland (1744-1748)[änneren | Quelltext änneren]

Moritz vu Sachsen
Louis XV. vu Frankräich

De Louis XV. ass selwer un der Spëtzt vun der Campagne an Holland am Joer 1744. Mat zwou Arméie marschéiert hien am Mee an. D'Belagerunge loossen net laang op sech waarden: de 25. Juni huelen d'Fransousen Ypres an, den 10. Juli Furnes. D'Schnellegkeet vun dëser Campagne léisst ganz Europa staunen, a beweist datt Frankräich nach ëmmer e staarke Géigner ass. D'Éisträicher erhéijen hiren Drock op den Elsass a bedrohe Loutrengen. De Louis XV. verléisst Flandern a mécht sech op de Wee Richtung Osten, wou hien d'Éisträicher nees zeréckdränge kann. D'Flandernarméi iwwerléisst hien dem Moritz vu Sachsen. De Louis XV. muss sech allerdéngs dann zu Metz zeréckzéien, nodeem hien e geféierlecht Féiwer kritt hat.

1745 ännert sech d'Gesiicht vum Krich. Nodeem de Keeser Karl VII. den 20. Januar stierft, kann d'Maria Theresia en Ofkommes mat sengem Ierwe schléissen (Traité vu Füssen, 20. Abrëll), an de Wee ass fräi fir hire Mann, deen elo zum Keeser gewielt gi kann. Et geet mëttlerweil och net méi ëm éisträichesch Ierfschaften, de Krich entwéckelt sech zu engem Konflikt tëscht Frankäich a Groussbritannien. Den 11. Mee 1745 kënnt et zur Schluecht vu Fontenoy, enger eklatanter Victoire fir d'Fransousen géint d'Alliéiert (Groussbritannien, Éisträich, Holland). Dës Victoire gëtt virun allem vum Voltaire, deen zu dësem Zäitpunkt Historiograf vum Kinnek ass, glorifizéiert. D'Campagne vun 1745 geet séier virun. Nodeem Tournai ageholl ass, fale Gand, Bruges, Ostende an Nieuport. Ouni eng Wanterpaus anzeleen, profitéiert de Moritz vu Sachsen vun der Situatioun, an hëlt den 21. Februar 1746 Bréissel an.

Vu 1746 bis 1747 gëtt et weider franséisch Campagnen, déi sech un d'Victoire vun de Jore virdrun uleenen. 1747 schléisst de Moritz vu Sachsen d'Eruewerung vun Holland of.

No der terribler Belagerung vu Berg-op-Zoom sëtze sech d'Kontrahenten 1748 schlussendlech un een Dësch a verhandelen de Fridden.

Bilan: Louis XV., Arbitter vun Europa[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Oktober 1748 gëtt de Fridden zu Oochen ënnerschriwwen. Zur allgemenger Iwwerraschung iwwerléisst de Louis XV. seng Eruewerungen an Holland nees den Éisträicher, a gëtt sech mat Parma an Guastalla als Kompensatioun zefridden. D'Wal vum François vu Loutrengen zum däitsche Keeser gëtt vun alle Groussmächt akzeptéiert. 1749 zéie sech d'Fransousen aus Holland zeréck. Duerch seng Generositéit kann de Louis XV., arbitre de l'Europe, d'Bourbonen an d'Habsburger nees méi no zesummeféieren.

Wichtegst Daten[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Bérenger, Histoire de l'Empire des Habsbourg 1273-1918, Fayard, Paräis, 1990.
  • Jean-Paul Bled, Marie-Thérèse d'Autriche, Fayard, Paräis, 2001.
  • Jean-Pierre Blois, Les guerres en Europe 1494-1792, Belin, Paräis, 2003.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Éisträicheschen Ierffollegkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien