Wrocław

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Breslau)
Wrocław

Aalt Stadhaus um Rynek
center}}}
Land Polen
Verwaltungseenheet: Woiwodschaft Dolnośląskie
Koordinaten 51° 07’ 00’’ N
      17° 02’ 00’’ O
Fläch 293,00 km²
Awunnerzuel: 637.683 (2016)
Héicht: 105-155 m
center}}}

Wrocław [ˈvrɔtswaf], op Däitsch Breslau, ass eng Stad am Südweste vu Polen. Mat iwwer 630.000 Awunner ass et no Warschau, Kraków a Łódź déi véiertgréisst Stad am Land, an d'Haaptstad vun der Woiwodschaft Dolnośląskie (Nidderschlesien).

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Wrocław huet eng Fläch vun 293 Quadratkilometer, wouvun der 114 (39 %) bebaut sinn, a läit op enger Héicht vun ca. 111 Meter tëscht de Kocie Góry ("Kazebierger") am Norden an de Sudeten am Süden. D'Stad läit op der Oder an op hirem Territoire lafe véier Nieweflëss dran: d'Ślęza, d'Widawa, d'Oława an d'Bystrzyca. Do derbäikommen eng Rëtsch Kanäl, soudatt d'Stad op 12 Insele läit, déi mat iwwer 100 Brécke verbonne sinn. Dohier kënnt och de Spëtznumm vun der Stad: "Venedeg vu Polen".

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima vu Wrocław ass temperéiert mat ozeaneschen, wéi och kontinentalen Aflëss. D'Wantere si kal an dréche par Rapport zu den éischter waarmen a fiichte Summeren. (D'Dagesduerchschnëttstemperatur läit bei 3 °C am Januar a 24,8 °C am Juli).

Wrocław huet Stadtklima, deen duerch mënschlech Aflëss, wéi beispillsweis d'Urbaniséierung an d'Loftverschmotzung, entsteet. Sou sinn d'Temperaturënnerscheeder tëscht Dag an Nuecht méi kleng an d'Lofttemperatur ass bis zu 5 °C méi héich wéi an der Ëmgéigend. Wéinst senger Lag virun de Sudeten trëtt do geleeëntlech de Fön-Effekt op. Virun allem am Wanter kann ee staarken an dréchene Wand opkommen. Sou goufen den 21. Februar 1990 20,1 °C gemooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Wandelestamm vun de Silinger, deen am 5. Joerhonnert an der Géigend vum haitege Wrocław gesidelt huet, ier en a Richtung Spuenien weidergezunn ass, huet de westslawesche Stamm vun de Slezane sech do néiergelooss an op der Douminsel (Ostrów Tumski) eng befestegt Siidlung gebaut. Den Numm "Schlesien" (polnesch: Śląsk) kënnt entweeder vun de Silinger oder vun de Slezanen.

Am Ufank vum 10. Joerhonnert huet de béimesche Fürst Vratislav I. d'Buerg eruewert an ausgebaut. Den Numm "Wortizlawa" gëtt ëm 900 eng éischt Kéier ernimmt, a bedeit "slawesche Maart".

990 huet de Piast Mieszko I. Schlesien eruewert. Ënner sengem Nofollger Bolesław dem Daperen ass Wrocław e Bistum ginn. Nieft der Buerg gouf dunn op der Douminsel eng Kathedral gebaut. Am Ufank vum 13. Joerhonnert hu sech éischt däitsch Siidler um Süduwänner vun der Oder néiergelooss.

1241 ass d'Stad vun de Mongolen zerstéiert ginn. Well se haaptsächlech vun den Däitschen nees opgebaut gouf, krut se 1261 ënner dem Herzog Heinrich III. vu Schlesien d'Magdebuerger Recht. 1266 ass den Numm "Bresslau" fir d'éischt benotzt ginn.

Nom Doud vum leschte Piastenherzog Heinrich VI. am Joer 1335 ass Schlesien ënner d'Herrschaft vum Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Béimen Jang de Blannen geroden. Bei engem Treffen dat selwecht Joer mam polnesche Kinnek Kasimir III. zu Visegrad huet de Jang de Blannen definitiv op de polneschen Troun verzicht, ënner der Bedingung datt Schlesien béimesch bléif.

De Karel IV. huet dësen Accord am Vertrag vun Namslau 1348 confirméiert. Ënner dem Keeser a Kinnek vu Béimen Sigismund huet Wrocław sech, trotz enger vun him bluddeg repriméierter Revolt vun den Handwierker géint d'Patrizier, am Joer 1418 wirtschaftlech gutt entwéckelt. Breslau war Member vun der däitscher Hanse.

1453 huet den Inquisitor Johannes Capistranus e Pogrom géint d'Judden organiséiert a s'aus der Stad verdriwwen. 1463 wollt Wrocław den hussitesche Kinnek Georg vu Podlebrad net unerkennen, an huet e Bëndnes mam ungaresche Kinnek Matthias Corvinus geschloss, deen d'Schlesier als Géigekinnek vu Béimen unerkannt hunn.

Vu 1490 bis 1526 hunn d'Jagellone Władysław II. a Ludwig II. iwwer Béimen a Schlesien regéiert. No der Néierlag géint d'Tierke bei Mohacs ass Schlesien duerch en Ierfvertrag un d'Habsburger gaangen. 1525 ass d'Majoritéit vun der Bevëlkerung zum Luther senger evangelescher Konfessioun iwwergetratt.

Am Drëssegjärege Krich ass Wrocław 1632 vun de Sachsen a vun de Schwede besat ginn. Duerno ass d'Pescht ausgebrach, bei där 18.000 vu 40.000 Awunner gestuerwe sinn.

1648 krut d'Stad d'Recht fir protestantesch ze bleiwen. Am 17. Joerhonnert huet sech dat kulturellt Liewe besonnesch duerch d'Schlesesch Dichterschoul entfaalt. Am éisträicheschen Ierffollegkrich huet de Friedrich de Groussen d'Stad 1741 eruewert. 1742 huet d'Kinnekräich Preisen de gréissten Deel vu Schlesien annektéiert. Am Siwejärege Krich hunn d'Éisträicher Wrocław 1757 zeréckeruewert, mä nach am selwechte Joer si se vum Friedrich II. no der Schluecht vu Leuthen erëm verjot ginn.

1807 ass Schlesien vum Napoleon I. eruewert ginn, woubäi d'Stadmauere vu Breslau geschleeft goufen. Duerch de Blocus Continental huet den Handel gelidden, well kee Kotteng méi geliwwert gouf. 1815 huet Preise Breslau zur Provënzhaaptstad vu Schlesien bestëmmt.

D'Industrialiséierung huet an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert agesat: Kleederproduktioun, Miwwelfabrécken, Metallveraarbechtung, Eisebunnswaggonen…

Tëscht 1842 an 1900 ass d'Bevëlkerung vun 100.000 op bal 423.000 Awunner geklommen, dovu ronn 18.000 Judden. 1910 huet eng Vollekszielung erginn, datt 95 % vun der Bevëlkerung däitsch als Mammesprooch haten, géint knapps 3 %, déi Polnesch uginn hunn.

An der Weimarer Republik war Breslau d'Haaptstad vun Nidderschlesien, déi sech am Drëtte Räich zu enger Héichbuerg vun der NSDAP entwéckelt huet. Politesch Prisonnéier sinn 1933 an d'KZ Breslau-Dürrgoy (polnesch: Tarnogaj) agespaart ginn. 1938 ass déi Nei Synagog (no där vu Berlin déi gréisst an Däitschland) an der "Reichspogromnacht" niddergebrannt ginn. 2000 Judde goufen agespaart oder verdriwwen, an enteegent. 1941 sinn iwwer 1000 Judden op Kaunas deportéiert an do ermuert ginn. 1944 si bei Breslau nach zwee Bausselager vum KZ Groß-Rosen opgebaut ginn.

Am Oktober 1944 ass Breslau, dat vum Hitler zur "Festung" erkläert gi war, massiv aus der Loft bombardéiert ginn. Den 20. Januar 1945 huet de Gauleiter Karl Hanke d'Stad virum Umarsch vun der Rouder Arméi evakuéiere gelooss. Dausende si bei där Flucht ëmkomm. Vum 15. Februar bis de 6. Mee 1945 huet d'Schluecht vu Breslau, wou nach 40.000 Zaldoten an 150.000 Awunner agekesselt waren, gedauert. Zum Schluss war d'Stad zu iwwer 70 % zerstéiert.

Nom Krich, wéi d'Oder-Neisse-Linn déi nei Grenz tëscht Polen an Däitschland ginn ass, ass déi däitsch Bevëlkerung verdriwwe ginn. Breslau krut erëm säi polneschen Numm Wrocław zeréck, an ass vu polnesche Leit aus de vun der UdSSR annektéierten Ostgebidder (Kresy), awer och vu Warszawa oder Poznań nei bewunnt ginn. 1948 hu schonn 300.000 polnesch, an nëmme méi 7.000 däitsch Bierger zu Wrocław gelieft. Den historesche Kär ass zënter 1955 am spéitmëttelalterlech-goteschen, respektiv klassizistesche Stil erëm nei opgebaut ginn. An der Banlieue sinn an den 1970er Jore grouss Wunnbléck entstanen.

1980 huet Wrocław sech zu engem wichtegen Zentrum vum antikommunistesche Widderstand a vu Solidarność entwéckelt. 1983 an 1997 huet de Poopst Jean-Paul II. d'Stad besicht.

1997 huet en Héichwaasser vill Haiser a Gebaier beschiedegt.

Zanter dem EU-Bäitrëtt vu Polen 2004 konnte vill Gebaier a Monumenter restauréiert ginn.

Demografie[änneren | Quelltext änneren]

Am Hellege Réimesche Räich war Breslau mat senge 15.000 Awunner am 14. Joerhonnert mat eng vun de gréisste Stied. 1880 war et mat ronn 273.000 Awunner déi zweetgréisst Stad a Preisen. Am Ufank vum 20. Joerhonnert hat Wrocław (Breslau) eng hallef Millioun Awunner. 95,71 % waren Däitsch, 2,95 % Polen. Kuerz virum Zweete Weltkrich goufe 638.905 Awunner gezielt. 1946 waren et just nach 170.656, nodeems déi meescht an de Westen ëmgesidelt goufen.

Demografesch Entwécklung
1800 1831 1850 1880 1900 1925 1939 1946 1956 1970 1999 2005 2009
64.500 89.500 114.000 272.900 422 700 555.200 629.565 171.000 400 000 526 000 650 000 633.700 632.162

Educatioun[änneren | Quelltext änneren]

Wrocław ass eng bedeitend polnesch Universitéitsstad. 150.000 Studente sinn do op Héichschoulen an Universitéiten ageschriwwen. Déi gréisst sinn d'Uniwersytet Wrocławski (UWr) an d'Politechnika Wrocławska (Wroclaw University of Science and Technology).

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Vun tschecheschen, däitschen, jiddeschen, a polneschen Aflëss markéiert, huet Wrocław ee villfältege kulturelle Programm ze bidden. Vill Festivaller ginn all Joer do organiséiert:

  • Den internationalen Oratoren- a Kantatefestival Wratislavia Cantans;
  • Den New Horizons International Film Festival (och T-Mobile Nowe Horyzonty). Iwwer e puer Deeg ginn am Kino Nowe Horyzonty artistesch Filmer gewisen. Och Ausstellungen a Concerte sinn um Programm.
  • Brave Festival: All Joer presentéiere Kënschtler aus der ganzer Welt, ënnert engem aneren Theema, mat Filmer, Musek an Theater hir Traditiounen. De Brave Festival erméiglecht hinnen en eemolege Kader fir hir Spiritualitéit a Kultur ze weisen.
  • De Thanks Jimi Festival ass eng gréisser Museksorganisatioun, op där all Joer versicht gëtt, e Weltrekord ze halen a bei deem e Maximum vu Gittaristen zesummen Hey Joe spillen. Wichteg Gruppen aus der polnescher Musiksszeen, wéi Lady Pank trieden do op.

2016 war Wrocław europäesch Kulturhaaptstad.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wrocław – Biller, Videoen oder Audiodateien