Łódź

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Łódź
de/lb: Lodsch
center}}}
Land Polen
Verwaltungseenheet: Woiwodschaft Łódzkie
Koordinaten 51° 45′ 0″ N, 19° 28′ 0″ E
Fläch 293 km²
Awunnerzuel: 696.503 (2016)
Héicht: 162–278 i.M. m
Websäit https://uml.lodz.pl/en/
center}}}

Łódź (IPA: ['wut͡ɕ]), ass mat iwwer 687 000 Awunner déi drëttgréisst Stad a Polen no Warschau a Krakau. Si läit zimmlech an der Mëtt vum Land, 120 Kilometer südwestlech vu Warschau, an ass Haaptstad vun der Woiwodschaft Łódzkie. Den Numm bedeit “klengt Boot”, dat och um Stadwopen ze gesinn ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerf Łodzia gëtt eng éischte Kéier an engem Dokument vun 1332 als Proprietéit vum Bëschof vu Włocławek erwäänt. 1423 huet d'Uertschaft d'Stadrechter nom Magdeburger Recht kritt. Als ländlech Klengstad louch Łódź op der Handelsstrooss tëscht Masowien a Schlesien. Am 17. Joerhonnert huet et staark ënner de Kricher, der Pescht an der Zerstéierung duerch e grousst Feier gelidden.

1793 ass Łódź bei der zweeter Deelung vu Polen u Preise gefall; 1807 louch et am vum Napoleon gegrënnten Herzogtum Warschau, ier et um Wiener Kongress zu Kongresspolen, dat dem Zar vu Russland ënnerstoung, geschloe gouf. Déi Zäit war et eng onbedeitend Klengstad mat knapps 200 Awunner.

Vun 1820 un huet d'Uertschaft op Initiativ vum Stanisław Staszic sech op déi iwwerall an Europa opkommend Industrialiséierung agestallt. Wéi zënter 1823 sech südlech vun der Uertschaft Wiewer aus Schlesien, Béimen, Sachsen, awer och aus England, Irland a souguer Portugal do néiergelooss hunn, gouf d'Textilbranche den Haaptsecteur vun der Lodzer Industrie. 1848 kruten och Judden d'Recht, sech zu Łódź néierzeloossen.

1825 gouf eng Kottengsmillen um Floss installéiert. Den Opschwong gouf nëmme kuerz duerch d'Repressioun vum Novemberopstand 1830 gebremst. Zënter 1839 hat Łódź déi éischt mat Dampmaschinnen ugedriwwen Textilindustrie a Polen an a Russland. D'Stad, déi 1865 un d'Eisebunnsnetz ugeschloss gouf. huet sech an e puer Joerzéngten zum “Manchester” vu Mëtteleuropa eropgeschafft. D'Bevëlkerung ass vun 4.300 am Joer 1830 op 536.000 am Joer 1925 geklommen. 1913 war d'Hallschent vun der Bevëlkerung polnesch, 35 % jiddesch an 10 % däitsch.

Łódź war en Zentrum vu sozialistescher Agitatioun: 1897 an 1905 koum et zu bluddegen Ausernanersetzunge mat der russescher Arméi, nodeems et schonn 1861 e Wieweropstand gi war.

D'Situatioun vu Łódż am der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert gëtt gutt am Literaturnobelpräisdréier Władysław Reymont sengem Roman Źiemia Objecana ("Versprachent Land"), deen 1974 vum Andrzej Wajda verfilmt gouf, beschriwwen.

Am Éischte Weltkrich hunn déi däitsch Truppen no der Schluecht ëm Łódż de 6. Dezember 1914 d'Stad eruewert. De russesche Maart ass domat ewechgebrach, wat fir d'Stad e wirtschaftleche Réckschlag bedeit huet.

An der 2. Polnescher Republik (1918-1939) ass d'Industrie nees moderniséiert ginn.

Am Zweete Weltkrich gouf Łódź an d'Posener Wartheland integréiert, a gouf vu Kalisz aus verwalt. 1940 gouf d'Stad a "Litzmannstadt", nom Siger vun der Schluecht vun 1914 Karl Litzmann, ëmgedeeft. Am Februar 1940 gouf ee vun de gréisste Ghettoen am Drëtte Räich zu Łódź ageriicht, souwéi och e Jugendkonzentratiounslager. Bal 700 Geeschteskranker goufen an der Anstalt Kochanowka euthanaséiert. Ronn 300.000 Judden an 120.000 Polen vu Łódż hunn den Zweete Weltkrich net iwwerlieft. Obwuel d'Stad net vill bombardéiert ginn ass, huet dee Verloscht souwéi och déi däitsch Confiscatiounen zum Néiergang vun der Textilindustrie gefouert.

Wéinst der Zerstéierung vu Warschau an aner Stied, souwéi der Annexioun vun den Ostgebidder duerch d'Sowjetunioun, si vill Flüchtlingen op Łódź wunne komm. Hei haten och d'Regierung an d'Staatsverwaltungen hire provisoresche Sëtz bis 1948.

An der Volleksrepublik sollt Łódź eng Musteraarbechterstad ginn; a Wierklechkeet ass kaum innovéiert ginn; e Streik am Februar 1971 huet d'Regierung Gierek zu Zougeständnesser gezwongen.

No 1989 ass d'Aarbechtslosegkeet staark an d'Luucht gaangen. D'Bevëlkerung huet ofgeholl. Réischt am Ufank vum 21. Joerhonnert huet d'Stad nei Weeër duerch den Déngschtleeschtungssecteur, d'Kultur an den Tourismus fonnt. Fir un déi fréier multikulturell Realitéit z'erënneren organiséiert d'Stad all Joer e Festival vun de véier Kulturen (polnesch, russesch, däitsch, jüddesch).

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Piotrkowska Strooss

D'Ulica Piotrkowska ass eng vun de bemierkenswäerte Stroossen a Polen. Mat enger Längt vu 5 Kilometer ass se eng vun de längste Geschäftsstroosse vun der Welt. D'Fassade vun de Gebaier aus dem 19. Joerhonnert goufe renovéiert. Am Allgemenge gi vill Efforte gemaach fir eng Erneierung vun der Stad. Esou gouf de Manufaktura-Komplex, eng fréier Textilfabréck an ee vun de gréissten Akafszentre vu Polen ëmgebaut. Nieft de Geschäfter ass do ee grousse Kino, e Musée, en Hotel, Restauranten, an och eng Ausstellungshal. Esou zitt déi fréier Fabréck haut Touristen, wéi och Awunner, un.

Łódź huet och vill Muséeën, dorënner de Muzeum Sztuki, e bedeitende Musée vu moderner Konscht, de Musée vun der Cinematographie, an den zentralen Textilmusée.

Zu Łódź gëtt et vill Gréngflächen: Bëscher a Parke maachen 11 % vun der Stad aus. Bekannt Parke sinn de Łagiewniki Park, d‘ Palmarnia Łódzka, an de Park Ocalałych.

D'Radegast Monument zu Łódź

En bekannt historescht Monument ass de jiddesche Kierfecht an der Ulica Bracka. En huet am Ganzen 39,6 Hektar. 43.000 Mënschen goufen do tëscht 1940 an 1944 begruewen. Fir un d'Affer vum Ghetto Litzmannstadt z'erënneren, gouf 2005 op der fréierer Gare Łódź-Radegast ee Monument opgeriicht. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf déi benotzt, fir Judden aus Westeuropa an de Ghetto respektiv an d'Aarbechtslager ze bréngen. D'Monument besteet aus engem Musée, engem 140 Meter laangen Tunnel an engem Tuerm. 36.000 Visiteure ginn all Joer gezielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Łódź – Biller, Videoen oder Audiodateien