Getto

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Ghetto)

Getto, och alt emol Ghetto, ass en Ausdrock deen engersäits fir e Juddequartier gebraucht gëtt; op där aner Säit symbolesch benotzt gëtt, fir en Zoustand auszedrécken, an deem een oder eppes ausgespaart oder verstouss ass.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne gi méiglecherweis op e Quartier zu Venedeg zeréck, dem Cannaregio, bei deem am 16. Joerhonnert eng Géisserei, getto = Goss, stoung. Mat enger Virschrëft huet d'Regierung vun der Republik Venedeg den 29. Mäerz 1516 all d'Judden aus hirem Beräich gezwongen, an engem eenzege Quartier ze wunnen.
1555 huet de Poopst Pol IV. zu Roum e Getto ariichte gelooss, an deem d'Judde hu misse liewen. De Pius V. ass de 25. Februar nach méi wäit gaangen, an en huet all d'Judden, ausser déi vu Roum a vun Ancona, ausweise gelooss, déi do gelieft hunn, wou hien d'Soen hat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ghetto – Biller, Videoen oder Audiodateien