Poznań

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Poznań
de: Posen
center}}}
Land Polen
Verwaltungseenheet: Woiwodschaft Grousspolen
Koordinaten 52° 24′ 0″ N, 16° 55′ 0″ E
Fläch 293 km²
Awunnerzuel: 538.633 (2018)
Héicht: 50 - 154 m
Websäit https://poznan.pl/
center}}}

Poznań (IPA: [ˈpɔznaj̃] , op däitsch Posen) ass mat ronn 540 000 Awunner déi fënneftgréisst Stad vu Polen, Haaptstad vun der Woiwodschaft Grousspolen an eelsten Äerzbistum vu Polen, sou wéi och eng bedeitend Universitéits- an Handelsstad.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Warta bei Poznan.

Poznań ass d'Haptstad vun der Woiwodschaft Grousspolen (Wielkopolska) a läit 160 Kilometer ëstlech vun der däitscher Grenz. Et profitéiert vu senger strategescher Lag tëschent Berlin a Warschau.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Poznań läit op der Warta an hiren Nieweflëss (Bogdanka, Cybina, Glowna, Gluszynka, Kopla, der Rozany an der Junikowski-Baach). An der Stad gëtt et puer Séien a vill Weieren, déi entweder natierlech oder kënschtlech sinn. Poznań huet iwwregens grouss Grondwaasserreserven, an domat e wichtege Reservoir vun Drénkwaasser.

Natur[änneren | Quelltext änneren]

15,8 % vu Poznań si Bëscher. Nërdlech vun der Stad gëtt et zwee Naturreservater: de Żurawiniec, wou Fiichtgebidder rëm restauréiert ginn an d'Morasko Meteorit Naturreserv, wou viru 5000 Joer en Eisemeteorit ageschlo war an e puer Krateren entstane sinn. Haut ass et dank der eenzegarteger Biodiversitéit, en Naturmonument. 15 Kilometer südlech vu Poznan ass den Nationalpark vu Grousspolen (Wielkopolski Park Narodowy).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Poznań war schonn 968, zwee Joer no der Daf vum Mieszko I. e polnesche Bëschofssëtz. An der Kathedral, déi op der Kathedralinsel an der Warta gebaut gouf, goufen déi éischt Herrscher vu Polen bäigesat. D'Stad war ënner dem Bolesław Chrobry eng Festung. Am 12. an 13. Joerhonnert ass Poznań eng Handelsstad ginn. 1253 hunn däitsch Siidler ënner dem polnesche Kinnek Przemysł I. d'Mageburger Stadrecht ageféiert. De Przemysł II huet am Kinneksschlass vu Poznań residéiert.

An der Renaissance ass d'Lubrański-Akademie gegrënnt ginn. Den Tessiner Architekt Gianbattista Quadro huet an der Mëtt vum 16. Joerhonnert d'Stadhaus op der Maartplaz gebaut. 1571 hunn d'Jesuitten hire Kolléisch opgemaach. Déizäit hat Poznań ronn 30 000 Awunner.

Déi fréier Raczyński Bibliothéik

Nom Néiergang am 17. Joerhonnert wéinst Kricher huet d'Stad en neien Opschwong am 18. Joerhonnert erlieft. Mat der zweeter Deelung vu Polen 1793 ass Poznań vun de Preise besat an an d'Provënz Südpreisen integréiert ginn. Vun 1807 bis 1815, ënner dem Napoleon I., war et en Deel vum Herzogtum Warschau. Um Wiener Kongress ass d'Groussherzogtum Posen nees u Preisen ugeschloss ginn. Nom Opstand vun 1830 krut et dee Sonnerstatut ewechgeholl a war just nach d'Haaptstad vun der Provënz Posen. Déi polnesch Sprooch gouf zu Gonschte vun enger aktiver Germaniséierung verdrängt. Trotzdeem blouwen déi polnesch Raczyński-Bibliothéik (1829) an d'Gesellschaft vun de Frënn vun de Wëssenschaften, wichteg Zentre vun der polnescher Kultur. Zur Zäit vum däitsche Keeserräich ass d'Stad nei urbaniséiert ginn: 1904 ass de Kaiser-Friedrich-Museum (haut Nationalmusée) entstanen, sou wéi och d'Kinneklech Akademie (haut Collegium Minus vun der Adam Mickiewicz-Universitéit), d'Residenzschlass an d'Oper.

Nom Enn vum Éischte Weltkrich ass déi däitsch Bevëlkerung zum gréissten Deel am grousspolneschen Opstand an duerch de Versailler Vertrag verdriwwe ginn. An der Tëschekrichszäit huet Poznań sech industrialiséiert an huet sech mat senge grousse Foiren zu engem internationalen Handelszentrum entwéckelt.

Am Zweete Weltkrich ass Poznań, ënner dem Gauleiter Arthur Greiser, d'Haaptstad vum Warthegau ginn. Bei Massenexekutiounen, besonnesch vu Polen aus der gesellschaftlecher Elitt, sinn ongeféier 20 000 Polen ermuert ginn. 100.000 Mënsche gouwe verdriwwen oder a Konzentratiounslager gestach. Ronderëm Poznań gouf et véier Konzentratiounslager (Krzesiny, Smochowice, Dębiec, Źabikowo), an e Krichsgefaangelager. Zu Źabikowo waren och eng Partie Lëtzebuerger internéiert. D'Nazien hu sech dru ginn, Posen ze germaniséieren. Iwwer d'Halschent vun de polneschen Awunner sinn an d'Generalgouvernement ëmgesidelt ginn. Schonn 1939/40 goufen Deutschbalten aus de vun der Sowjetunioun annektéierte baltesche Staaten ëmgesidelt an heim ins Reich geféiert; vill koumen der op Poznań. 1941 gouf eng däitsch Reichsuniversitéit gegrënnt, woubäi déi polnesch Universitéit am Ënnergrond weider funktionéiert huet. De 4. Oktober 1943 huet den Heinrich Himmler d'Gauleiter zu Posen zesummegeruff fir Vernichtungsaktioune virzebereeden. Den 29. Mee 1944 goufe Fabrécken zu Poznań bombardéiert. Den 23. Februar 1945 gouf d'Stad vun der Rouder Arméi eruewert. Déi däitsch Bevëlkerung (28 %) ass komplett verdriwwe ginn.

Nom Krich gouf d'Stad erëm opgebaut, besonnesch d'Maartplaz mam Stadhaus, déi haut d'Haapttouristenattraktioun ass.

Zur Zäit vun der Volleksrepublik ass 1956 en Opstand géint d'sowjetesch Dominatioun an de kommunistesche Regimm vun der polnescher Volleksarméi bluddeg néiergeschloe ginn.

An der Drëtter Republik huet Poznań sech zu enger dynamescher Déngschtleeschtungs- an Handelsstad entwéckelt.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Musik, Danz an Theater stinn am Mëttelpunkt vum kulturelle Liewen zu Poznań. Den Theater, Polski Teatr Tańca, huet international Unerkennung. Och de bekannte Jongechouer gouf do gegrënnt.

D'Museksakademie Ignacy Jan Paderewski ass déi eenzeg polnesch Institutioun déi éischtklasseg Geiebauer ausbilt. Nieft dem internationale Geieconcours Wieniawski, gëtt et och bekannt Festivaller. Zanter 1991 ass all Joer de Malta Festival Poznań, op deem Musek, Film, Danz an Theater um Programm stinn. Et ass eng vun de wichtegsten artistesche Organistiounen an Zentraleuropa.

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

Poznań huet mat senge 25 Héichschoulen an Universitéiten e bedeitend wëssenschaftlecht Potenzial. D'Stad zielt am Ganzen 11.6500 Studenten a gëtt dacks fir d'Offer déi d'Stad ze bidden huet, ausgezeechent. Déi gréisst Universitéit ass d'Adam Mickiewicz University (AMU), déi ënner den dräi Beschten aus dem Land gëllt.  Wéinst der Entwécklung vun R&D Institutiounen, an dem héich qualifizéierte Personal an der IT-Branche, ass Poznan besonnesch intressant ginn. D'Poznan University of Technology huet international Partneren, an eng Huawei ICT Academy fir déi modernst Technologien. 

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Zu Poznań gëtt et zwéi Foussballveräiner, de Warta Poznań an dee méi bekannte Lech Poznań, dee schonn dacks Landesmeeschter an der Ekstraklasa gouf. Bei deem Veräin huet ënner anerem de Robert Lewandowski gespillt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Ruine vun der fréierer Festung Fort Winiary

E virun allem bei Pole beléifte Staddeel ass d'Ostrów Tumski, eng Insel op där d'Kathedral vu Poznań steet. D’Alstad vu Poznań gouf, wéi vill aner polnesch Stied am Zweete Weltkrich zerstéiert, ma erëm identesch opgebaut.

Am Stadhaus vu Poznań ass e Musée iwwer d'Geschicht vun der Stad. D'Gebai ass 1555 am Stil vun der Renaissance gebaut ginn. D'Auer mat de Geesse ass eppes Besonnesches. All Dag an der Mëttesstonn schloen sech d’Béck am Takt vun der Auerzäit d’Käpp mat den Haren an.

Eng lokal Spezialitéit sinn d'Rogale świętomarcińskie, eng Aart gefëllt Croissanten, déi et just zu Poznań gëtt.

Weider Attraktioune sinn: