Op den Inhalt sprangen

Meteorit

Vu Wikipedia
MET 00506, Een H3-Chondrit, fonnt an der Antarktis. Op de Säiten ass déi fir Meteoritten typesch Schmelzkuuscht ze gesinn. An der wéinst oxidéierten Eisebestanddeeler donkel gefierfter Matrix sinn agebette Chondren ze gesinn. (Foto: NASA/JSC)
En 1,818-kg-Henbury-Eisemeteorit aus der Klass vun den Oktaedritte mat mëttlerer Bandbreet. (Foto: Meteorite Recon)
Eisemeteorit (Mundrabilla/Australien). Hie gouf gedeelt, d'Schnëttfläch geschlaff a gebeezt. Ënner dem Mikroskop sinn däitlech d'Widmanstättefiguren (zirka 3 mm laang) an d'Verwitterungsränner ze gesinn.

Meteoritte si Festkierper vun ausserierdeschem Ursprong, déi duerch d'Atmosphär op d'Äerd falen. Si besti gewéinlech aus Silikatmineralen oder engem Eisen-Néckelalliage. Well et sech bal ëmmer ëm villkäreg Mineralaggregaten handelt, gi si onofhängeg vun hirer cheemescher Zesummesetzung zum Gestengs gezielt.

Als Meteoroid bezeechent een den Urspronkskierper, wann en nach am interplanetaresche Raum ass. Beim Antrëtt an d'Atmosphär liicht en op, wat als Meteor bezeechent gëtt. Wann en an der Atmosphär net vollstänneg vergloust, an en op de Buedem fält, nennt een e schliisslech Meteorit.

Meteoritte goufen am Sonnesystem produzéiert a si erméiglechen Ablécker an d'Fréizäit.

Meteoroiden, déi aus dem Sonnesystem stamen, hunn am Beräich vum Äerdorbit eng maximal heliozentresch Vitess vu ronn 42 km/s. Well d'Bunnvitess vun der Äerd ongeféier 30 km/s ass, sinn d'Relativvitessë vu maximal 72 km/s oder 260.000 km/h méiglech.

Beim Antrëtt an d'Äerdatmosphär ginn d'Meteoritte ganz staark ofgebremst, an dobäi un der Uewerfläch sou staark erhëtzt, datt si deelweis schmëlze resp. verdämpen. Well de Stuerz duerch d'Äerdatmosphär nëmmen e puer Sekonnen dauert, ka sech de Kär vu virun allem gréissere Meteoritten net besonnesch vill ophëtzen. Eréischt nom Opschlag kann déi un der Uewerfläch entstane Reiwungswäermt sech an dat Bannenzegt duerch Wäermleedung weiderginn. Well de Volume vun der opgehëtzter Uewerfläch am Verhältnes zum ganzen Volumen awer meeschtens kleng ass, bleift de Kär relativ kill an onverännert.

D'Wuert Meteorit leet sech of vum griicheschen μετέωρος metéōros mat der Bedeitung "eropgehuewen", "héich an der Loft" (vgl. Meteorologie). Haaptsächlech bis Mëtt vum 20. Joerhonnert goufe Meteoritte meeschtens Meteorsteng genannt[1][2], virdrun waren och d'Bezeechnungen Aerolith ("Loftsteen") an Uranolith[2] ("Himmelssteen") verbreet.[3] Bis Ufank vun den 1990er Jore goufen déi haut als Meteoroide bezeechent Objeten – genee wéi déi op d'Äerduewerfläch geroden Iwwerreschter vun dësen Objeten – als Meteoritte gefouert.[4],[5]

Portal Astronomie

Fachbicher an Artikelen

[änneren | Quelltext änneren]
  • L. Schultz: Planetologie, eine Einführung. Birkhäuser-Verlag, Basel 1993. ISBN 3-7643-2294-2
  • F. Heide: Kleine Meteoritenkunde. Springer-Verlag, Berlin 1988. ISBN 3-540-19140-2
  • R. W. Bühler: Meteorite. Urmaterie aus dem interplanetaren Raum. Birkhäuser-Verlag, Basel 1988. ISBN 3-7643-1876-7
  • N. Widauer (Hrsg.): Meteoriten – was von außen auf uns einstürzt. Texte und Bilder im Schnittpunkt von Wissenschaft, Kunst und Literatur. Verlag Niggli, Sulgen/Zürich 2005. ISBN 3-7212-0534-0
  • O. R. Norton: The Cambridge Encyclopedia of Meteorites. Cambridge University Press, Cambridge 2002. ISBN 0-521-62143-7
  • H. Y. McSween, Jr. McSween: Meteorites and Their Parent Planets. Cambridge University Press, Cambridge 1999. ISBN 0-521-58751-4
Commons: Meteorit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Illustriertes Lexikon der Astronomie, Verlagsbuchhandlung von F. F. Weber, Leipzig 1881 (Reprint der Originalausgabe von 1880 nach dem Exemplar der Sächsischen Landesbibliothek – Staats- und Universitätsbibliothek Dresden, Reprint-Verlag-Leipzig, ISBN 3-8262-0405-0)
  2. 2,0 2,1 Der Neue Brockhaus – Allbuch in vier Bänden und einem Atlas (3. Band), F. A. Brockhaus, Leipzig 1941
  3. Allgemeine Infos über Meteoriten Archivéiert de(n) 2009-11-02. Gekuckt de(n) 2013-05-24.
  4. Vorauslexikon zur Brockhaus Enzyklopädie (Band 3), F. A. Brockhaus Mannheim 1986, ISBN 3-7653-0860-9
  5. Brockhaus Enzyklopädie, F. A. Brockhaus Mannheim 1991, ISBN für Band 14: ISBN 3-7653-1114-6