Politechnika Wrocławska
Ausgesinn
Politechnika Wrocławska | |
---|---|
() | |
Land | Polen |
Schülerzuel | 27.388 |
2019 | |
Gegrënnt | 1910 |
Koordinaten | 51°6'26,39"N, 17°3'34,49"O |
Um Spaweck | http://www.pwr.edu.pl |
D'Politechnika Wrocławska (PWr), op Englesch Wroclaw University of Science and Technology (WUST), ass eng Technesch Universitéit zu Wrocław, déi 1910 als Technische Hochschule Breslau gegrënnt gouf.
No der Eruewerung vu Breslau duerch d'Rout Arméi, an nodeems d'Stad u Pole gaange war, gouf aus der Technescher Héichschoul de 24. August 1945 eng polnesch Universitéit an de 15. November dat Joer waren d'Feierlechkeeten vun der Reouverture.
Op der PWr studéieren eng 32.000 Studenten a schaffen eng 4.200 Leit, wat se zum gréisste Patron an der Stad mécht.
Fakultéiten
[änneren | Quelltext änneren]- (W-1) Architektur
- (W-2) Bauingenieurwiesen
- (W-3) Chimie
- (W-4) Elektronik
- (W-5) Elektrotechnik
- (W-6) Geowësseschaften a Biergbau
- (W-7) Ëmwelttechnik
- (W-8) Informatik a Management
- (W-9) Maschinnebau Energietechnik
- (W-10) Maschinnebau
- (W-11) Fakultéit fir fundamental Problemer vun der Technik
- (W-12) Mikrosystemer a Photonik
- (W-13) Reng an Applizéiert Mathematik
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Politechnika Wrocławska – Biller, Videoen oder Audiodateien |