Elektronik

Vu Wikipedia
Verschidden elektronesche Daudeeler

D'Elektronik ass en Haaptgebitt vun der Elektrotechnik. D'Aufgabeberäicher sinn den Entworf an d'Konstruktioun vu Schaltkreesser op Platinne mat elektronesche Baudeeler, ganz dacks gehéiert dozou och d'Abauen an e Gehais. Eng weider Miniaturiséierung vun elektronesche Schaltkreesser gëtt mam sougenannten integréierte Schaltkrees realiséiert, meeschtens mat Strukturgréissten am Mikrometerberäich, dofir gëtt deen Deelberäich vun der Elektronik Mikroelektronik genannt. A verschiddenen Industrien, ass d'100-Nanometer-Limitt schonn ënnerschratt, sou datt een neierdéngs do formell vun Nanoelektronik schwätzt.

Aufgabeberäicher vun der Elektronik sinn ganz grouss, sou datt verschidde Spezialisatiounen entstane sinn respektiv och nach Deelgebidder genannt, déi och a Fachschoulen an an Héichschoulen als Fächer ugebuede ginn.

Integréierte Schaltkrees (Chip) ob enger Platinn

Deelgebidder vun der Elektronik[änneren | Quelltext änneren]