Elektrotechnik
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Elektrotechnik ass eng Ingenieurswëssenschaft, déi sech mam Studium a mat der technescher Applikatioun vun der Elektrizitéit befaasst[1],[2],[3].
Dozou gehéieren zum Beispill den Transport, d'Distributioun, d'Transformatioun, d'Gestioun an de Gebrauch vun der elektrescher Energie.
Et gëtt verschidde grouss a klassesch Spezialisatioune wéi d'Energietechnik, d'Elektronik, d'Automatiséierungstechnik, oder d'Noriichtentechnik respektiv Telekommunikatioun.
Haaptberäicher vun der Elektrotechnik
[änneren | Quelltext änneren]Historesch kann ee soen datt als éischt d'Beräicher Energietechnik an Telekommunikatioun entstane sinn. Méi spéit huet sech an der Elektrotechnik d'Elektronik an d'Automatiséierungstechnik entwéckelt. D'Grenze vun de Beräicher si fléissend an et gëtt och ganz vill Ënnerberäicher. An der Schoul souwéi dono am Beruffsliewen kann ee sech spezialiséiere fir Expert ze ginn.
Energietechnik
[änneren | Quelltext änneren]An der Energietechnik geet et ëm elektresch Energieewandlung, -Veraarbechtung, -Transport an -Verdeelung.
Deelberäicher sinn ënner anerem: Elektresch Stroumnetzer, Elektresch Energieverdeelung, Smart Grids, Kraaftwierkstechnologien, respektiv Produktioun vun elektrescher Energie, elekresch Maschinnen (Trafoen, Motoren an Generatoren), elektresch Energiespäichertechnologien, Leeschtungselektronik, Energiewandler a Konverter, elektresch Energieversuergung an Installatiounstechnik (A Gebaier: Panzerkëscht, Sécherungskëscht, Verkabelungen, Steckdousen,...) …
Noriichtentechnik respektiv Telekommunikatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Norichtentechnik hëlleft Noriichte respektiv Informatiounen ze veraarbechten an z'iwwerdroen an dat iwwer elektresch an optesch Kabelen, souwéi och iwwer elektromagnéitesch Wellen (Antennen).
Deelberäicher sinn ënner anerem: d'Kommunikatiounstheorie, d'Signaltheorie, d'Signalveraarbechtung a Wandlung, d'Antennentechnik, d'Funk- a Mobilfunktechnik, d'Netzwierktechnik, d'Satellittentechnik, d'Informatiouns- an Dateveraaarbechtung, d'Kompriméierung an d'Codéierung, …
Elektronik, Mikroelektronik an Nanoelektronik
[änneren | Quelltext änneren]D'Elektronik ass d'Miniaturiséierung vun elektresche Schaltkreesser. D'Elektronik ass net op Schalttafelen oder Maueren verluecht mais verbaut op Platinnen déi mat den elektronesche Baudeeler bestéckt ginn, oder am Fall vun der Mikroelektronik als integréiert Schaltkreesser zum Beispill de Silizium-Chip.
Mikroelektronik huet als Zil elektronesch Schaltkreesser, sou wäit wéi et technesch méiglech ass, ze miniaturiséieren. D'Elektronik gëtt well se sou kleng ass meeschtens a Gehaiser agebaut, verkaaft an installéiert. A verschiddenen Industrien, ass d'100-Nanometer-Limitt schonn ënnerschratt, soudatt een neierdéngs hei formell vun Nanoelektronik schwätzt.
Deelberäicher sinn ënner anerem: d'Analogelektronik, d'Digitaltechnik, PCB-Design, Chip-Design, Mikroprozesser a Mikrokontroller, Embedded Systems a Programméieren,...
Automatiséierungstechnik
[änneren | Quelltext änneren]Bei der Automatiséierungstechnik geet et ëm d'Ersetze vu mënschlechen Handlungen, Aarbechten oder Aufgaben, mat Automaten, also duerch Maschinnen. Dat geet entweeder vollelektresch, elektromechanesch, vollmechanesch, mä awer och digital an den Informatiounssystemer. Grouss Stéchwierder sinn d'Robotik, d'Industrie 4.0, d'Digitaliséierung an d'Kënschtlech Intelligenz.
Deelberäicher sinn ënner anerem: d'Systemtheorie, Kybernetik, d'Reegelungstechnik, d'Steierungstechnik, d'Miesstechnik, d'Sensorik, d'Robotik, d'Digitaltechnik, d'Automateprogramméierung an d'Informatiounstechnik an d'Bildveraarbechtung.
Geschicht vun der Elektrotechnik
[änneren | Quelltext änneren]Entdeckt Naturgesetzer vun der Elektrizitéit
[änneren | Quelltext änneren]D'Naturgesetzer vun der Elektrizitéit sinn e Fëllement ob dat d'Elektrotechnik opbaut.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektrizitéit.
Ufank vun der Elektrotechnik: 17. an 18. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1600: De William Gilbert erfënnt den Elektroskop respektiv de Versorium, mat deem elektresche Chargë kënnen nogewise ginn.
- 1672: Publikatioun vun der Erfindung vum elektrostatesche Generator, eng Maschinn déi wann een se mat der Handkierb dréint elektresch Chargë vuneneen trennt. (Otto von Guericke)
- 1745: De Pieter van Musschenbroek an den Ewald Georg von Kleist erfannen de Kondensator, déi sougenannt Leidener Fläsch, eng Method fir elektresch Chargen ze späicheren.
- 1752: De Benjamin Franklin erfënnt de Blëtzofleeder a publizéiert seng Resultater am Wierk Experiments and Observations on Electricity.
- 1762: De Johan Carl Wilcke erfënnt den Elektrophor, eng nei Method fir elektresch Chargen ze trennen.
- 1775: Den Alessandro Volta verbessert den Elektrophor.
- 1792: De Luigi Galvani presentéiert säi legendäert Experiment mat Fräschbeen, déi e mat enger galvanescher Zell un d'Wibbele kritt.
- 1795: De Francesc Salvà i Campillo erfënnt den elektreschen Telegraph a publizéiert seng Erfindung virun der Akademie vu Barcelona.
Elektrotechnik am 19. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1800: Inspiréiert vum Luigi Galvani sengem Experiment baut den Alessandro Volta déi éischt elektresch Batterie déi no him Voltasail genannt gëtt.
- 1804: De Francesc Salvà i Campillo baut deen éischten elektresche Telegraph fir en kommerzielle Asaz.
- 1822: De Peter Barlow baut d'Barlow-Rad, den éischten elektresche Unipolarmotor.
- 1828: Den Ányos István Jedlik verbessert de Gläichstroummotor.
- 1832: Den Antoine-Hippolyte Pixii erfënnt de Wiesselstroumgenerator, eng Maschinn déi wa se dréint eng Wiesselspannung op d'Klemme repektiv d'Kontakter gëtt.
- 1835: Den James Bowman Lindsay mécht zu Dundee eng Demonstratioun vun elektreschem Liicht mat enger elektrescher Bir.
- 1840: De Samuel F. B. Morse verbessert den elektreschen Telegraph, Morseapparat a Morsecode.
- 1854: De Wilhelm Josef Sinsteden erfënnt d'Bläibatterie.
- 1860: Den Antonio Meucci a Philipp Reis erfannen den elektreschen Telefon.
- 1861: D'Erfindung vum Gläichstroumgenerator, ganz oft associéiert mat Dynamo (Ányos István Jedlik)
- 1871: Däitlech Verbesserung vum Gläichstroumgenerator. D'Gramme-Maschinn. (Zénobe Gramme)
- 1873: Den Hippolyte Fontaine fënnt eraus datt d'Gramme-Maschinn och als Gläichstroummotor ka benotz ginn.
- 1876: Däitlech Verbesserung vum elektresche Telefon, dee och an d'Seriëfabrikatioun geet. (Alexander Graham Bell)
- 1878: Däitlech Verbesserung vun der elektrescher Bir, an durch Fabrikatioun an Serie bréngt en d'elektresch Liicht zu de Leit. (Thomas Alva Edison)
- 1878: De Zénobe Gramme fänkt un Wiesselstroummotoren ze bauen.
- 1882: D'Erfindung vum Transformator. (Lucien Gaulard)
- 1887: D'Erfindung vum Wiesselstroummotor a Wiesselstroumgeneratrice mat zwou Phasen. (Nikola Tesla an Galileo Ferraris)
- 1888: D'Erfindung vum Wiesselstroummotor a Wiesselstroumgeneratrice mat dräi Phasen an domat d'Erfindung vum 3 Phasewiesselstroum respektiv vum Dréistroum. (Michail Ossipowitsch Doliwo-Dobrowolski)
- 1896: Dem Alexandre Popov geléngt et et e Radiosignal (Radiowellen) op enger Distanz vun 250 m ze senden an z'empfänken.
Elektrotechnik am 20. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 1926: Éischt (elektromechanesch) Tëlee. (John Logie Baird)
- 1927: Éischt Funkiwwerdroung vun der Televisioun vun London op New York. (John Logie Baird)
- 1941: Éischten elektresche (elektromechanesche) Computer, den Zuse Z3. (Konrad Zuse)
- 1947: D'Erfindung vum Transistor. (John Bardeen, Walter Houser Brattain an William Shockley)
- 1958: D'Erfindung vum integréierten Schaltkreess, den IC. (Jack Kilby an Robert Noyce)
- 1960: Patentéiert den Karl Kordesch d'Alkali-Batterie, déi zu deen wichtegsten elektro-cheemeschen Energiespäicher zielt. Se fënnt een an al Haushalt.
- 1963: Éischt Digitalkamera. (David Paul Gregg)
- 1968: D'Erfindung vum Mikroprozessor. (Marcian Edward Hoff)
- 1969: Éischt Realisatioun vun engem Mikroprozessor, den Intel 4004. (Federico Faggin)
- 1971: Éischte Mikroprozessor um Maart, den Intel 4004. (Federico Faggin)
- 1975: Ee vun deen éischten Mikrocomputer deen an Seriëfabrikatioun geet an um Marché verkaaft gëtt, den Altair 8800.
- 1976: Den Mikrocomputer Apple I geet an d'Seriëfabrikatioun, deen éischten Personal Computer als Kit, fir selwer zesummen ze bauen.
- 1977: Den Personal Computer Commodore PET geet an d'Massen-Seriëfabrikatioun, deen éischten Personal Computer deen een direkt ka benotzen.
- 1991: Éischte Lithium-Ionen-Akku um Maart.
Elektrotechnik am 21. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]- 2004: Strukturgréisste vun 100 Nanometer ginn ënnerschratt bei kommerzielle Produiten. Dës Industrie gëtt formell dem elo nei entstanene Beräich Nanoelektronik zougeuerdent.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Elektrotechnik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Centre national de ressources textuelles et lexicales mat Bezuch:Cours modernes d'électrotechnique
- ↑ électrotechnique = étude des applications techniques de l'électricité Larousse 1965 S.1028
- ↑ https://www.wortbedeutung.info/Elektrotechnik/ Definitioun am Online Wörterbuch