Diskussioun:Elektrotechnik

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fannen dass net gutt ganz allgemeng ze soen Elektrotechnik ass eng Ingenieurswessenschafft well Elektrotechnik get net nemen vun Ingenieuren gemaach. Verstinn net firwaat dat ob wikipedia.de zougeloos gouw, well dass jo den Text vun do... Soll ech mech do lo och unmellen? Am Duden steht ganz allgemeng : Elektrotechnik : Zweig der Technik, der sich mit der technischen Anwendung der physikalischen Grundlagen und Erkenntnisse der Elektrizitätslehre befasst. Vun der IP-195.218.2.226

An engem aneren Duden steet dat hei:
1)Zweig der Elektrotechnik, der sich mit der Entwicklung und Verwendung von Geräten mit Elektronenröhren, Fotozellen, Halbleitern u. Ä. befasst
2)Gesamtheit einer elektronischen Anlage oder Ausstattung
3)De Saz wéi en elo do steet ass och mat zwou Referenze beluecht déi doutsécher net aus der däitscher Wikipedia kommen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:20, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


Fannen dass net gutt ganz allgemeng ze soen Elektrotechnik ass eng Ingenieurswessenschafft well Elektrotechnik get net nemen vun Ingenieuren gemaach
Ingenieurswëssenschaft wëll jo och guer net heeschen datt eppes nëmme just vun Ingenieure gemaach gëtt, grad sou wéi ee kee Genie muss sinn fir Genie Civil ze studéieren. Einfach mol noliese wat mat Ingenieurswëssenschaft alles gemengt ka sinn.--Les Meloures (Diskussioun) 08:27, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]
heimat widderspriecht dir Iech jo selwer well dir hutt selwer am ëmgebaute Saz geschriwwen: ass och eng Ingenieurswessenschaft. --Les Meloures (Diskussioun) 08:34, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Ingenieurswessenschafft ass fir mech eppes wat PhD maachen, an net Elektriker ! Dofir soen ech deen eischten Saz ob wikipedia sollt allgemeng sin, an an deem eischten Saz ze behaapten Elektrotechnik ass eng Ingeneiruswessenschaft ass falsch !

Da maach eis mol en Artikel iwwer Elektriker datt mer gewuer gi wat déi Leit maachen. --Pierrenilles (Diskussioun) 08:58, 1. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]


Méi spéit erhéicht huet sech d'Elektronik an d'Automatiséierungstechnik entwéckelt.
Wat soll de Sënn vun deem Saz sinn? Wat gouf do erhéicht? --Les Meloures (Diskussioun) 14:42, 11. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]
an den Industriellen bréngt elektresch Liicht mat Gleichstroumtechnik zu den Leit
onverstädlech Saz --Les Meloures (Diskussioun) 07:46, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Wann een sech Geschicht ukuckt, Elektronik an Automatiséierung goufen am Ufank net gebraucht an hunn sech och méi spéit reicht entwéckelt...

"Mat Gleichstroumtechnik" kann een raus setzen, mais hien war bekannt dofir dass en wollt Gleichstroumtechnik (Gleichstroum vum Dynamo) fir Elektrifizéierung wollt duerchsetzen obwuel sech méi spéit Wiesselstroumtechnik (Wiesselstroum vun Wiesselstroumgeneratoren) als besser geneet gewisen huet... => Den Stroumkrich... Dass normal hien huet souvill an Gleichstroumtechnik investéiert... Wann et em Suen geet kennen Leit ganz ellen ginn... 

Ass alles keng Äntwert op Froen.

Dann nach eng Kéier:

  1. Wat gouf erhéicht?
  2. Wie war deen Industriellen dee mam Liicht hauséiere gaangen ass.

--Les Meloures (Diskussioun) 09:29, 12. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Okay dat kann een eraus huelen, geet och ouni "erhéicht", an "Industriellen" ass vlt. bëssen onverständlech wann een Geschicht vum Edison net genau kennt...


Déi éischt konstant elektresch Beliichtung mat Metalldréit. (Louis Jacques Thénard)
Wat gouf wou konstant beliicht. --91.176.26.136 15:47, 14. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

Hien huet als éischt Dréit (mat enger klengen Queeschschnëtt) sou un eng Batterie (Voltasäul) ugeschloss dass en se geliicht hunn, permanent (konstant)... Well elektresch Liicht gouf kënstleches och scho mat Funken gemaacht.

Dat do ass dach keng Äntwert op d'Fro. Ech huelen domat un datt näischt beliicht gouf oder wéinstens datt kee wees wat belicht gouf, an deemno déi Ausso net korrekt nozevollzéien ass.--217.136.88.14 10:40, 1. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

En huet dënn Dréit zum liichten bruecht, puer Minutten laang, en huet se un eng Lieden Fläsch oder Voltasail ungeschloss... Weess net wéi dat genau war ech sinn keen Historiker. Falls eppes net korrekt ass w.e.g. korrigéieren. Merci.

Chronologesche Problem[Quelltext änneren]

Hei stellt sech d'Fro déi all normale Mënsch sech stellt wann en dat do liest.

Wéi gouf 1828 de Gläichstroummotor ugedriwwen, wann déi Maschinn déi de Stroum derfir produzéiert eréischt 33 Joer duerno erfonnt gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 16:39, 14. Okt. 2018 (UTC)[äntweren]

De Motor gouf ugedriwwen mat enger Batterie déi mat Gläichstroum geet (Voltasail)... Als éischt gouf de Motor entdeckt, dann iergendwann huet een méi spéit räicht erkannt dass een och kann Stroum "produzéieren" mat enger Maschinn...

eng Method fir mat enger Kierb

a wéi soll datt da goen? gouf do mat der Kierb op d'Charge geschloen. Ech mengen hei wees een net wat eng Kierb ass. --217.136.88.14 09:54, 5. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Kierb ass ob däitsch eng Kurbel. Nee ?

Jo a wees de wat eng Kurbel ass????? So lo net op Franséisch wier et eng manivelle. --217.136.88.14 10:09, 5. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

Jo domat kann een z.B. mat der Hand oder mam Fouss eppes zum dréinen bréngen...

A wéi et schéngt ka een och dermat op eng Charge klappe fir se trennen. oder wéi soll dat ze verstoe sinn?? --217.136.88.14 10:40, 5. Nov. 2018 (UTC)[äntweren]

1663 Bau der ersten Elektrisiermaschine, einer drehbaren Schwefelkugel, die mit der Hand gerieben wurde https://de.wikipedia.org/wiki/Elektrostatischer_Generator

Et ginn och Fotoen ob Google Bilder wou een gesäit wéi den Otto mat enger Hand d'Kugel dréint an déi aneren Hand ob Kugel hält fir dass Kugel geriwwen gëtt...