Peter Barlow

Vu Wikipedia
Peter Barlow
Gebuer 13. Oktober 1776
Norwich
Gestuerwen 1. Mäerz 1862
Kent
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Mathematiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Peter Barlow, gebuer den 13. Oktober 1776 zu Norwich a gestuerwen den 1. Mäerz 1862 zu Kent war e brittesche Mathematiker a Physiker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1806 krut de Barlow e Léieroptrag (assistant mathematical master) op der Royal Military Academy zu Woolwich, (London). Spéider ass hien op der Royal Military Academy zum Mathematik-Professer avancéiert.

1811 huet de Peter Barlow säin éischt Buch iwwer Zuelentheorie ënner dem Titel „Elementary Investigation of the Theory of Numbers“ publizéiert. An de Jore vun 1823 bis 1833 huet hie vill an de Beräicher vum Magnetismus an der Elektrizitéit geschafft.

1822 huet hien dat no him genannt Barlow-Rad, den éischten Unipolarmotor entwéckelt. Am Joer 1825 krut hien d'Copley Medail vun der Royal Society of London.

1827 huet hie mat optesche Versich ugefaangen. Hien huet Speziallënse fir astronomesch Teleskope gebaut. Zesumme mam George Dollond huet hien achromatesch Zerstreeungslënsen entwéckelt, déi och als Barlowlëns bekannt sinn. Am Joer 1833 huet de Barlow Kron- a Flintglas fir seng Lënse kombinéiert. Méi spéit huet hie sech ëmmer méi mat der Damplokomotiv beschäftegt. Seng Jonge Peter W. Barlow a William Henry Barlow ware berüümt Ingenieuren am 19. Joerhonnert.

Schrëften[änneren | Quelltext änneren]

Essay on magnetic attractions, and on the laws of terrestrial and electro magnetism, 1824
  • Elementary Investigation of the Theory of Numbers (1811)
  • New Mathematical and Philosophical Dictionary (1814)
  • Essay on Magnetic Attractions (1820)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peter Barlow – Biller, Videoen oder Audiodateien