Alessandro Volta

Vu Wikipedia
Alessandro Volta
Gebuer 18. Februar 1745
Como
Gestuerwen 5. Mäerz 1827
Como
Nationalitéit Kinnekräich Lombardo-Venetien
Aktivitéit Physiker, Erfinder, Akademiker, Chimist
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Académie des sciences, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

Den Alessandro Giuseppe Antonio Anastasio Grof vu Volta gebuer den 18. Februar 1745 zu Como, Italien, a gestuerwen de 5. Mäerz 1827 zu Camnago bei Como war en italieenesche Physiker. Hien huet d'elektresch Batterie erfonnt. Zesumme mam Luigi Galvani gëllt hien als ee vun de Grënner vum Zäitalter vun der Elektrizitéit an der Elektrotechnik.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Volta seng Elteren, de Filippo Volta an d'Maria Maddalena Inzaghi, hunn hien op eng Jesuitteschoul geschéckt, mat dem Hannergedanken, datt hie Jurist sollt ginn.

Am Joer 1774 gouf hie Physiksschoulmeeschter a senger Heemechtsstad, a 1779 Professer op der Universitéit Pavia.

Hien huet am Joer 1793 d'Teresa Peregrini bestuet, mat där hien dräi Jonge krut.

De Volta ass 1819 a Pensioun gaangen.

Erfindungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1775 erfënnt de Volta den Elektrophor, a 1783 de Plackekondensator.

Seng gréisst an erfollegräichst Erfindung war awer am Joer 1800 d'Sail vum Volta, déi éischt Batterie, déi funktionéiert huet. Si huet aus Koffer- an Zénkplakke bestanen, déi ofwiessend iwwereneegeluecht waren. D'Plakke goufe mat Dicher, déi mat Saier gedränkt waren, vunenee getrennt.

Eng weider Erfindung vun him war den Eudiometer.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1791 ass hie bei der Royal Society zu London als Member opgeholl ginn.
  • 1794 krut hien d'Copley Medail.
  • 1810 fir seng Verdéngschter an der Elektrizitéit z'éiere gëtt den Napoleon Bonaparte him de Grofentitel
  • 1815 ernennt de Keeser vun Éisträich hien zum Professer op der Univesitéit Padua
  • 1897, also 70 Joer no sengem Doud, gouf de Volta mat deenen héchsten Auszeechnungen, déi jee e Physiker kréie kann, geéiert: Zu sengen Éiere gouf d'Moosseenheet fir d'elektresch Spannung Volt no him genannt.
  • De Volta a seng Aarbechtsplaz, de Voltatempel, ware bis virun der Aféierung vum Euro op den italieenesche Geldschäiner ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alessandro Giuseppe Antonio Anastasio Volta – Biller, Videoen oder Audiodateien