Maschinnebau

Vu Wikipedia
Deeler vun enger Maschinn.

De Maschinnebau befaasst sech mat dem Entworf an der Hierstellung vun alle méiglechen Zorte Maschinnen. Op Basis vun eenzelen einfachen Elementer ginn dobäi Anlage vu gréisster Komplexitéit wéi Produktiounsstroossen a ganz Fabrécken entwéckelt, gebaut a bedriwwen.

Maschinnebau ass duerch seng Kombinatioun vu Grondlagefuerschung an Entwécklung vu Produktiounsmethoden, en typescht Fach vun der Technik. E setzt physikalesch Gesetzméissegkeeten, besonnesch aus den Deelgebidder Mechanik an Thermodynamik, fir d'Konstruktioun an d'Simulatioun vun techneschen Anlagen an.

Well d'Automatiséierung ëmmer méi zouhëlt, ginn technesch Anlagen hautdesdaags mat enger komplexer Mooss- a Steierungs- respektiv Reegelungstechnik ausstafféiert.

D'Konstruktiounsléier beschäftegt sech mat den Ziler a Methoden, déi e Maschinnebau-Ingenieur bei der Konstruktioun vun techneschen Anlage respektéiere muss. Mëttlerweil ginn déi technesch Anlage mat Hëllef vu CAD-Programmer um Computer entworf. Sou kann een CAD-Dateie kreeéieren, déi duerno an enger Simulatioun getest a schliisslech vun enger CNC-Maschinn realiséiert ginn.

Deelgebidder vum Maschinnebau sinn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maschinnebau – Biller, Videoen oder Audiodateien