Grondlagefuerschung

Vu Wikipedia

D'Grondlagefuerschung ass am engste Sënn d'wëssenschaftlech Opstellung, d'Nopréifen an d'Diskussioun vun de Prinzipien enger Wëssenschaft, besonnesch an der Mathematik an an den exakte Naturwëssenschafte, awer och an der Psychologie, de Sproochwëssenschafte an an der Medezin.

D'Grondlagefuerschung leet d'Grondlage fir weidergoend Fuerschung an hieft sech sou vun der ugewanter Fuerschung an der Industriefuerschung of, déi ënner Ëmstänn änlech Fuerschungsfelder beaarbechten, awer mat engem anere Fokus an aneren, wirtschaftsorientéierten Ziler eruginn.

An der „problemorientéierter Grondlagefuerschung“ ginn d'Froestellungen – am Géigesaz zu der Optragsfuerschung – aus der wëssenschaftlecher Literatur entwéckelt, awer am Hibléck op konkreet Problemer, déi net onbedingt wëssenschaftlecher Aart sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Grundlagenforschung, Bundesministerium für Bildung und Forschung
  • Helmholtz-Zentren, Helmholtz-Gemeinschaft Deutscher Forschungszentren
  • [1], Film des Karlsruher Institut für Technologie zu Grundlagenforschung