Verbrennungsmotor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Verbrennungsmotor ass eng Maschinn déi duerch eng intern Verbrennung e Kolwe beweegt deen direkt oder indirekt eng Dréibeweegung provozéiert. Zu de Verbrennungsmotore ginn och d'Gasturbinne gezielt.

Wou Verbrennungsmotore gebraucht ginn[änneren | Quelltext änneren]

Verbrennungsmotore gi fir den Undriff vu Stroossegefierer, Schinnegefierer, Loftgefierer, Waassergefierer an Aarbechtmaschinnen, stationär oder beweeglech, gebraucht.

Andeelung vun de Verbrennungsmotoren[änneren | Quelltext änneren]

Andeelung nom thermodynamesche Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Andeelung nom Aarbechtsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

  • 4-Takt-Motoren
  • 2-Takt-Motoren
  • Turbinnen

Andeelung no Beweegungsoflaf[änneren | Quelltext änneren]

Andeelung no Gemëschbildung[änneren | Quelltext änneren]

  • Baussenzeg Gemëschbildung:
  • Bannenzeg Gemëschbildung:

Andeelung no der Zündmethod[änneren | Quelltext änneren]

  • Friemzündung
  • Eegenzündung
  • Kontrolléiert Eegenzündung

Andeelung no Fëllart[änneren | Quelltext änneren]

Andeelung no der Killmethod[änneren | Quelltext änneren]

  • Waassergekillt
  • Loftgekillt
  • Ueleggekillt
  • Kombinéiert Loft- an Uelegkillung (SAME)

Andeelung no Bauform an Zuel vun den Zylinderen[änneren | Quelltext änneren]

Linearkolwemotoren[änneren | Quelltext änneren]

D'Linearkolwemotore sinn déi Verbrennungsmotoren déi duerch ons Autoen am wäitste verbreet sinn: e Kolwen ass an engem zylindresche Lach sou gelagert, datt e just erop an erof geréckelt ka ginn. D'Stéck an deem dëst Lach ass nennt een Zylinder. Uewen ass den Zylinder mat dem Zylinderkapp zougeschrauft. Ënner dem Kolwen ass deen duerch eng Bielle mat der Kuerbelwell verbonnen. D'Bielle wandelt déi linear Beweegung vum Kolwen an eng Dréibeweegung op der Kuerbelwell ëm.

Et ënnerscheet ee weider tëscht 2-Takt Linearkolwemotoren a 4-Takt Linearkolwemotoren: een Takt ass bei dëse Motoren eng Beweegung vum Kolwen an eng Richtung: vun ënnen erop oder vun uewen erof.

4-Takt Linearkolwemotor[änneren | Quelltext änneren]

4-Takt Motor

E 4-Takt Motor duerchleeft pro Takt eng Phas vum Zyklus. De Kolwe muss also pro Zyklus zweemol erof an erop goen:

  • 1. Takt: Usuckelen: de Kolwe beweegt sech vum Zylinderkapp ewech, an de Raum tëscht dem Kolwen an dem Zylinderkapp gëtt mat frëscher Loft gefëllt, a mat Gase gemëscht, déi brenne kënnen.

gefëllt.

  • 2. Takt: Kompriméieren: de Kolwe geet erëm zeréck a Richtung Zylinderkapp, a kompriméiert doduerch dat neit Loft/Gas-Gemësch.
  • 3. Takt: Verbrennen: dat kompriméiert Gemësch gëtt gezünt a verbrannt. Duerch d'Expansioun vun de Gase gëtt de Kolwe vum Zylinderkapp ewechgedréckt. Dësen Takt heescht och Aarbechtstakt well et deen eenzegen Takt ass, bei deem mechanech Energie produzéiert gëtt.
  • 4. Takt: Ausstoussen: de Kolwe geet nees a Richtung Zylinderkapp a stéisst dobäi déi verbrannte Gasen aus, sou dat fir beim nächste Beweegungsoflaf (1.Takt), Plaz gemaach gëtt fir e fr¨scht Loft-Gasgemësch.

D'Energie, déi gebraucht gëtt fir de Kolwen am éischten, zweeten a véierten Takt ze beweegen, kënnt vun enger Schwongscheif op der Kuerbelwell. Déi gëtt am drëtten Takt ëmmer ugestouss a sou gëtt en Deel vun der Energie vum drëtten Takt gebraucht, datt de Motor iwwerhaapt leeft.

2-Takt Linearkolwemotor[änneren | Quelltext änneren]

2-Takt Motor

En 2-Takt Motor duerchleeft pro Takt zwou Phase vum Zyklus. De Kolwe geet hei also pro Zyklus nëmmen eemol erop an erof. Dat ass méiglech well frësch Gase getrennt vum Verbrennungsraum ugesaugt a virkompriméiert ginn.
Fir de Prinzip vum 2-Takt Motor z'erklären, ass et am einfachsten, beim zweeten Takt unzefänken: Wärend deem de Kolwen duerch d'Verbrennung erofgedréckt gëtt (3. Phas) sinn ënner dem Kolwe scho frësch Gasen a ginn sou scho kompriméiert. Wann de Kolwen ënnen ass, kënnen dës Gasen duerch Kanäl am Zylinder erop iwwer de Kolwen stréimen an se stousse sou déi verbrannt Gasen aus (4. an 1. Phas). Dëst Ausstousse geet nach méi séier wann de Kolwen ufänkt erëm erop ze goen (éischten Takt). Idealerweis gëtt d'Ausgangslach genee an deem Ament zougemaach wann déi verbrannt Gasen all eraus sinn an déi frësch just nach dobanne sinn. De Rescht vu sengem Wee erop kompriméiert dann de Kolwen déi frësch Gasen (2. Phas) fir datt se erëm gezünt kënne ginn.

Rotatiounskolwemotoren[änneren | Quelltext änneren]

Gasturbinn[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]