Karl VII. (HRR)

Vu Wikipedia
Karl VII.
Titelen
Virgänger Karl VI.
Nofollger Franz I.
Biographie
Gebuer 6. August 1697
Bréissel
Gestuerwen 20. Januar 1745
München
Papp Maximilian II. Emmanuel
Mamm Therese Kunigunde

De Karl Albrecht vu Bayern gebuer de 6. August 1697 zu Bréissel, a gestuerwen den 20. Januar 1745 zu München war ënner dem Numm Karl VII. Keeser vum Hellege Réimesche Räich als zweete Wittelsbacher nom Ludwig IV. Hie war och Kurfürst vu Bayern.

De Karl Albrecht koum zu Bréissel als Jong vum bayeresche Kurfürst Maximilian II. Emmanuel an der Therese Kunigunde, Duechter vum polnesche Kinnek Johann III. Sobieski, op d'Welt. 1701 koum d'Famill vu Bréissel nees op München zeréck. 1706 goufen de Karl Albrecht a seng Bridder op Unuerdnung vum Keeser Joseph I. op Klagenfurt a spéider 1711 op Graz bruecht, fir do hir Educatioun ze kréien. Wärend dem Spueneschen Ierffollegkrich waren d'Elteren allerdéngs am Exil, de Papp zu Paräis (bis 1715), an d'Mamm zu Venedeg. Nom Krich ass d'ganz Famill nees a Bayern gaangen. De Karl Albrecht huet sech dacks um Haff zu Wien opgehalen, an huet do och seng Fra kennegeléiert, d'Maria Amalia, Duechter vum Keeser Joseph I. Si goufen de 5. Oktober 1722 bestuet. Spéider ass de Karl Albrecht duerch Frankräich gereest, war bei der Hochzäit vum Louis XV. dobäi a konnt Kontakter zu Versailles knëppen.

Nom Doud vu sengem Papp ass de Karl Albrecht de 25. Februar 1726 Kurfürst vu Bayern ginn. Seng Politik war engersäits "Habsburgerfrëndlech" mä anerersäits huet hien och ni aus den Ae verluer, eemol d'däitsch Keeserkroun kënnen ze droen.

Nom Doud vum Keeser Karl VI. gouf et kee männlechen Nokomme méi op Habsburger Säit. D'Pragmatesch Sanktioun hat als Ierwin d'Maria Theresia, Duechter vum Karl VI., virgesinn. Op dës weiblech Ierffolleg déi zanter dem Privilegium Minus bestanen huet, konnt sech awer och de Karl Albrecht duerch säi Bestietnes beruffen. Sou koum et zum Éisträicheschen Ierffollegkrich. Bayern hat als Alliéiert d'Fransousen, mä konnten hir Lännereien awer net verdeedegen. Den 12. Februar 1742 gouf de Karl Albrecht zwar zum Keeser gekréint, mä an der Tëschenzäit hat Éisträich mat Preisen e Waffestëllstand ausgehandelt, a war puer Deeg no der Kréinung mat enger Arméi zu München.

De Keeser Karl ass nach wärend dem Krich gestuerwen, den 20. Januar 1745. De Fridde gouf vu sengem Nofollger Maximilian geschloss, a Bayern muss d'éisträichesch Suprematie unerkennen.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Maria Amalie vun Éisträich hat de Karl Albrecht 7 Kanner:

Mat der Charlotte Sophie vun Ingenheim hat hien ee Bouf:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Karl VI.
Keeser vum HRR
1742 - 1745
Nofollger:
Franz I.
Virgänger:
Karl VI.
Kinnek vu Béimen
1741 - 1743
Nofollger:
Maria Theresia
Virgänger:
Maximilian II. Emmanuel
Kurfürst vu Bayern
1726 - 1745
Nofollger:
Maximilian III. Joseph

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles VII, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien