Sardinien

Vu Wikipedia
Sardinien
Geographie
Land Italien
Läit an/am Mëttelmier
Koordinaten 40°0'0"N, 9°0'0"O
Fläch 23.949 km²
Verwaltung
Verwaltungseenheet Italien
Demographie
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1, UTC+2


Sardinien (sardesch Sardigna, Sardinna oder Sardinnia, italieenesch Sardegna, katalounesch Sardenya) ass déi zweetgréisst Insel am Mëttelmier. Et ass eng autonom Regioun, déi zum italieeneschen Territoire gehéiert. Si läit südlech vu Korsika an ass duerch déi schmuel Mierestross vu Bonifacio vu Korsika getrennt.

Sardinien bedeckt eng Fläch vu ronn 24.000 km² an huet 1,64 Milliounen Awunner.

D'Phenizier hunn et Ichnusa an d'Griiche Sandalyon genannt, well seng Form un den Ofdrock vun engem Fouss erënnert. D'Haaptstad vu Sardinien ass Cagliari. Dës autonom Regioun vun Italie war bis 2005 a véier Provënzen ënnerdeelt: Cagliari, Sassari, Nuoro an Oristano. Zanter 2005 sinn nach 4 Stéck derbäikomm: Olbia-Tempio, Ogliastra, Carbonia-Iglesias a Medio campidano. Eng touristesch staark besichte modern Uertschaft ass Porto Cervo.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sardinien – Biller, Videoen oder Audiodateien