Kampanien

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Kampanien
Flag of Campania.svg
Basisdaten
Haaptstad: Neapel
Opdeelung: 5 Provënzen
(D'Metropol Neapel abegraff)
Fläch: 13590.25 km²
Awunner: 5.869.965 (31. Dez. 2013)
Bevëlkerungsdicht: Awunner pro km²
Websäit: www.regione.campania.it
ISO 3166-2: IT-72
Politik
President: Vincenzo De Luca (PD)
Kaart
Kart vun Italien mat Kampanien

Kampanien (italienesch: Campania) ass eng italienesch Regioun op der Westkust vun Italien mat knapps 5,9 Milliounen Awunner.

Si läit nordwestlech vu Latium, nordëstlech vu Molise, ëstlech vun Apulien, südëstlech vun der Basilicata a vum Tyrrhenesche Mier. Neapel ass d'Haaptstad vun der Regioun. Kampanien besteet aus de Provënzen Avellino, Benevento, Caserta, Salerno an aus der Metropolitanstad Neapel. Si huet eng Fläch vun 13.595 km². D'Majoritéit vun den Awunner konzentréiert sech op d'Ballungsgebitt vun Neapel. Domat ass Kampanien déi Regioun mat de meeschten Awuner pro Quadratkilometer, an no der Lombardei déi mat de meeschten Awunner.

Déi wichtegst Wirtschaftsecteure sinn den Ubau (d'Géigend ronderëm de Vesuv ass besonnesch fruchtbar) an d'Produktioun vun Iesswueren, de Wäibau an den Tourismus, virun allem zu Neapel, op Ischia, op der Amalfiküst an zu Capri.

Natur a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Mam Nationalpark Cilento a Vallo di Diano huet Kampanien en Naturpark mat e puer bedeitenden antike Plazen (Velia, Paestum an d'Chartreuse vu Padula) deen zënter 1998 zu der UNESCO-Weltierfschaft gehéiert. Aner UNESCO-Plazen a Kampanien sinn den historeschen Zentrum vun Neapel, d'Amalfiküst, d'archeologesch Sitte vu Pompeji, Herculaneum an Torre Annunziata, an de Palais vu Caserta nërdlech vun Neapel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kampanien – Biller, Videoen oder Audiodateien