Kalabrien

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kalabrien
Basisdaten
Haaptstad: Catanzaro
Opdeelung: 4 Provënzen an
1 Metropolitanstad
Fläch: 15.080,55 km²
Awunner: 1.980.533 (31. Dezember 2013)
Bevëlkerungsdicht: Awunner pro km²
Websäit: regione.calabria.it
ISO 3166-2: IT-55
Politik
President:
Kaart
Kaart vun Italien mat Calabrien

Kalabrien (it.: Calabria) ass déi südlechst Regioun vum italienesche Festland. Bildlech geschwat läit se op der Spëtzt vum "Stiwwel'" vun der italienescher Hallefinsel. Et huet eng Fläch vu ronn 15.080 km² an 1.980.533 Awunner (Stand 31. Dezember 2013). Catanzaro ass d'Haaptstad.

Am Norde grenzt Kalabrien un d'Basilicata, am Westen un d'Tyrrhenescht Mier an am Süden an am Osten un d'Ionescht Mier. Et huet eng 780 km Küst. D'Strooss vu Messina trennt Kalabrien vun der Insel Sizilien.

Kalabrien ass administrativ a véier Provënzen (Vibo Valentia, Catanzaro, Crotone a Cosenza) an eng Metropolitanstad (Reggio Calabria) agedeelt.