Strooss vu Messina

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Satellittebild vun der Strooss vu Messina
Am Hannergrond: d'Strooss vu Messina, vu Messina aus gesinn

D'Strooss vu Messina ass eng schmuel Mieresstrooss, déi de Norden vu Sizilien, bei Messina, vu Kalabrien, um italieenesche Festland, trennt. D'Strooss vu Messina huet op senger schmuelster Plaz eng Breet vun 3 km.

Bréckeprojet[änneren | Quelltext änneren]

Schonn den Archimedes hat sech Gedanken iwwer de Bau vun enger Bréck iwwer d'Strooss vu Messina gemaach. An de leschte Joerzéngte gouf et ëmmer erëm Pläng fir eng Bréck ze bauen, wéi z. B. vum Fritz Leonhardt, déi awer alleguer wéinst der Finanzéierung an och wéinst den ongeléiste Problemer bei engem Äerdbiewen, déi an dëser Géigend heefeg sinn, hifälleg goufen.

Den 13. Oktober 2005 huet dat italieenescht Parlament ënner der Regierung vum Silvio Berlusconi den Optrag fir de Bau vun enger 3,3 km laanger Hänkbréck un déi italieenesch Baugesellschaft Impregilo ginn. Dëse Projet, deen zirka 6 Milliarden Euro kascht, hätt sollen am Zäitraum vun 2006 bis 2012 realiséiert ginn. Mä schonn 2006, ënner der Regierung Romano Prodi gouf dëse Projet gekippt. 2008, de Prodi ass zeréckgetrueden an de Berlusconi nees Regierungschef, gouf de Projet nees opgegraff an d'Bréck soll elo 2016 fäerdeg sinn.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Säit mat Biller iwwer déi geplangt Bréck iwwer d'Strooss vu Messina

Commons: Strait of Messina – Biller, Videoen oder Audiodateien