Charybdis

Vu Wikipedia

D'Charybdis war e Mieresongeheier vun deem den Homer a senger Odyssee erzielt. Et war eng Duechter vum Poseidon a Gaia an ursprénglech zoustänneg fir Landiwwerflutungen.

Vum Zeus ass si an en Ongeheier verwandelt ginn, e Struddel deen dräimol am Dag Waasser agesuckelt huet an et mat haardem Brëllen erëm ausgespaut huet. Der Charibdys géintiwwer huet d'Skylla säin Onwiese gedriwwen. Zesummen hunn déi zwee eng Gefor fir d'Séifuerer duergestallt déi bal net z'iwwerwanne war an där souguer den Odysseus nëmme knapps entgaangen ass.

Am Altertum gouf dovun ausgaangen dat si sech an der Strooss vu Messina géifen ophalen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charybdis – Biller, Videoen oder Audiodateien