Archimedes

Vu Wikipedia
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Portrait vum Archimedes

Den Archimedes (gr. Aρχιμήδης) vu Syrakus (gebuer ëm 287 v. Chr. zu Syrakus op Sizilien; a gestuerwen 212 v. Chr.) war e griichesche Mathematiker, Physiker an Ingenieur. Hie gëllt als ee vun de bedeitendste Mathematiker vun der Antiquitéit. Den Archimedes ass bei der Eruewerung vu Syrakus duerch d'Réimer gestuerwen.

Den Archimedes huet mathematesch Formele fir geometresch Formen ofgeleet a verschidde Gesetzer entdeckt, wéi z. B. d'Hiewelgesetz. En huet Maschinne gebaut, ë. a. och d'Schrauf vum Archimedes.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Archimedes war de Jong vum Phaidias, en Astronom um Haff vu Syrakus. Hie studéiert zu Alexandria a kënnt dann op Syrakus zeréck.

Bei der Verdeedegung vu Syrakus géint déi réimesch Belagerung am Zweete Punesche Krich war hien dobäi. No dräijäreger Belagerung gouf hie vun engem réimeschen Zaldot ëmbruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Archimedes – Biller, Videoen oder Audiodateien