Weltierwen

Vu Wikipedia
Schëld bei der Sichepaart an der Stad Lëtzebuerg, vum Descherwee aus gesinn.

D'UNESCO-Lëscht vum Weltierwen, WORLD HERITAGE, besteet aus dem Weltkulturierwen an dem Weltnaturierwen. Am Ganzen ëmfaasst se 788 Denkmaler an 134 Länner. Dovu si 611 Kulturdenkmaler (K) an 154 Naturdenkmaler (N), 23 Denkmaler gehéiere souwuel zum Kultur- wéi zum Naturierwen.Stand:2006

D'UNO-Ënnerorganisatioun ënnerstëtzt bei de genannte Monumenter d'Protektioun an d'Restauratioun duerch materiell an wëssenschaftlech Hëllef.

D'Grondlag dozou ass eng UNESCO-Konventioun fir d'Protektioun, déi 1972 zu Stockholm ausgeschafft gouf. Se ass 1975 a Kraaft getrueden.

Fir an déi Lëscht opgeholl ze ginn, muss wéinstens ee vun dëse Krittären erfëllt sinn:

  • Den Objet muss vun eenzegaartegem artisteschem Wäert sinn;
  • E muss staarke kulturellen Afloss op eng geographesch Regioun oder op eng Zäit hunn;
  • E muss eng grouss Raritéit sinn oder ganz al sinn;
  • E muss fir eng bestëmmten artistesch Entwécklung representativ sinn;
  • E muss fir eng bestëmmten Architekturzäit stoen;
  • E muss eng grouss Bedeitung hunn am Zesummenhang mat enger wichteger Iddi oder mat enger historescher Figur.

D'Iddi fir dëse Projet koum duerch en Opruff vun der UNESCO vum 8. Mäerz 1960, fir déi Monumenter ze retten, déi duerch de Bau vum Assuan-Staudamm vum Nil zerstéiert gi wieren.

Eemol d'Joer, normalerweis Ufanks Juli, gesäit sech den UNESCO World Heritage Committee, fir doriwwer ofzestëmmen, wat nach op d'Lëscht komme kéint.

Op d'Rout Lëscht vum Kulturierwen gi besonnesch bedreet Objeten opgeholl, souguer wann den zoustännege Staat keng Demande gemaach huet. Zanter 2004 stinn op där Lëscht 35 Denkmaler.

De Begrëff vum kulturellen Ierwen ("héritage") geet op den Henri-Baptiste Grégoire zeréck, deen am 18. Joerhonnert Bëschof vu Blois war, an ass schonn de 14. Mee 1954 an der Haager Konventioun definéiert, déi vun den USA net ënnerschriwwe gouf.

"Damage to cultural property, belonging to any people whatsoever, means damage to the cultural heritage of all mankind, since each person makes its contribution to the culture of the world"

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Weltierwen – Biller, Videoen oder Audiodateien