Herculaneum

Vu Wikipedia

Herculaneum (ital. Ercolano) war eng antik Stad a Kampanien, um Golf vun Neapel , déi, grad ewéi Pompeji a Stabiae, bei der Eruptioun vum Vesuv am August 79 ënnergaangen ass. Déi modern Nofollgerstad heescht zënter 1969 Ercolano (virdrun: Resina).

Herculaneum gouf warscheinlech am 6. Joerhonnert v. CHr. gegrënnt. Dem Geograph Strabo no hunn do noeneen Osken, Etrusker, Pelasger a Samniten gewunnt .89 v.Chr. gouf et duerch de réimesche Krichshär Titus Didius, dee fir de Sulla gekämpft huet, ageholl. D'Réimer hu sech do no a looss luxuriéis Villae baue gelooss. Am 1. Joerhonnert hat Herculaneum eng 4.000 Awunner. 62/63 n.Chr. gouf et, wéi och zu Pompeji, e schwéiert Äerdbiewen, soudattan de Joren dono villes nees huet missen opgebaut ginn. Et huet vu Fëschfang, Akerbau an Handwierk gelieft, war awer net, wéi Pompeji, eng Kolonie.

Beim Ausbroch vum Vesuv, am Joer 79, gouf Herculaeum net, wéi Pompeji, vun engem Ree vu Bimssteng getraff, mä et ware sukzessiv pyroklastesch Stréim, fir d'éischt Gasen, dono gliddege Bulli, deen d'Stad mat enger bis zu 20 m héijer Schicht bedeckt huet. Déi meescht Awunner ware bis dee Moment schonn dervu komm; just an de sougenannte Bootshaiser goufen 1982 eng 250 Skletter entdeckt vu Leit, déi do Schutz gesicht haten oder net méi dozou komm waren, sech mat Booter ewech ze maachen.

Eréischt an der Neizäit, 1709, goufen éischt Spuere vun Herculaneum erëmentdeckt, wéi e Pëtz gegruewe gouf. 1735-1759 huet de Carlos vu Bourbon, de Kinnek vun Neapel, Ausgruewunge maache gelooss, an déi Konschtgéigestänn, déi fonnt goufen, a sengem Palais als Dekoratioun ausgestallt (se goufen am 19. Joerhonnert dem Nationalen Archeologesche Musée zu Neapel iwwerginn, wou haut déi meescht Fondobjeten ausgestallt sinn). No punktuellen Ausgruewungen doruechter am 19. Joerhonnert, goufen déi éischt systematesch archeologesch Ausgruewungen 1927-1958 ënnert der Leedung vum Amedeo Maiuri gemaach.

Bis haut gouf just een Drëttel vun Herculaneum fräigeluecht, eng véier Haiserquartiere mat enger Fläch vu ronn 200 x 250 m., deemno eng 4,5 ha vun de ronn 20 ha., déi Herculaneum 79 hat.

Herculaneum ass, mat Pompeji, als Kultur-Weltierwe vun der Unesco declaréiert.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Allroggen-Bedel: Archäologie und Politik. Herculaneum und Pompeji im 18. Jahrhundert. In: Hephaistos 14, 1996, S. 217–252 (online).
  • Amadeo Maiuri: Ercolano. I nuovi scavi (1927–1958). 1958.
  • Josef Mühlenbrock, Dieter Richter (Hrsg.): Verschüttet vom Vesuv - Die letzten Stunden von Herculaneum (Ausstellungskatalog). Zabern, Mainz 2006, ISBN 3-8053-3445-1.
  • Dieter Richter (Hrsg.): Pompeji und Herculaneum. Ein Reisebegleiter (= Insel-Taschenbücher Band 3099). Insel Verlag, Frankfurt am Main 2005, ISBN 3-458-34799-2.
  • Andrew Wallace-Hadrill: Herculaneum. Zabern, Mainz 2012.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Herculaneum – Biller, Videoen oder Audiodateien