James Stewart

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den James Stewart an den 1940er Joren

Den James Stewart gebuer als James Maitland Stewart den 20. Mee 1908 zu Indiana, Pennsylvania a gestuerwen den 2. Juli 1997 zu Beverly Hills, Kalifornien war en US-amerikanesche Schauspiller.

Den James Stewart huet op der Mercersburg Academy an duerno op der Princeton Universitéit studéiert.

No der Universitéit huet hie sech enger Theatergrupp ugeschloss, de Falmouth Players, déi vum Regisseur Joshua Logan (1908-1988), engem Frënd aus senger Studentenzäit aus Princeton, geleet gouf

Säin Duerchbroch am Kino hat hie mat de Frank Capra Filmer You Can't Take It With You (1938) a Mr. Smith Goes To Washington (1939). Am Joer 1939 hat hie säin éischten Optrëtt an engem Western an zwar an Destry Rides Again vum George Marshall zesumme mat der Marlene Dietrich.

Am Zweete Weltkrich war hie Pilot an de United States Army Air Forces. Nom Krich gouf hie Reserveoffizéier an huet an de 1960 Joer seng Carrrière an der Arméi als Major General ofgeschloss.

Säin éischten Erfolleg am Kino nom Krich hat hien am Joer 1948 am Film Call Northside 777 vum Henry Hathaway.Am selwechte Joer huet hien eng Haaptroll am Film Rope vum Alfred Hitchcock iwwerholl. Den Alfred Hitchcock huet hien duerno nach an dräi Filmer agesat sou am Joer 1954 am Krimi Rear Window mat der Grace Kelly als Partnerin. Duerno 1956 am Film The Man Who Knew Too Much mat der Doris Day. Säi leschte Film mam Hitchcock aus dem Joer 1958 de melodramatesche ThrillerVertigo zesumme mat der Kim Novak hat net vill Erfolleg am Kino. Vun der Kritik gouf de Film da spéider rehabilitéiert a gëtt haut als geniaalt Meeschterwierk ugesinn an dem den Hitchcock seng perséinlech Obsessiounen thematiséiert.

An de 1950er Joren ass de Stewart dacks als Westernduersteller opgetrueden an dat besonnesch a Filmer vum Regisseur Anthony Mann wéi Winchester '73, Bend of the River, The Naked Spur an The Man from Laramie.

Hien huet 1957 ënner der Regie vum Billy Wilder am Film The Spirit of St. Louis, deen dem Charles Lindbergh säi berühmte Fluch iwwer den Atlantik erzielt, de Personnage vum Lindbergh gespillt.

Nieft dem John Wayne an dem Lee Marvin war den James Stewart 1962 am Western The Man Who Shot Liberty Valance ze gesinn. De Film gëtt haut zu de grousse Klassiker vum Genre gezielt.

Nach eng Kéier grouss eraus koum den James Stewart am Joer 1965 mam Abenteuerdrama The Flight of the Phoenix vum Robert Aldrich an deem hien de Pilot vun engem Fliger, deen an enger Wüste erofgefall ass, spillt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1935 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

Den James Stewart (1981)

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1991[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1941: Oscar als beschte Schauspiller an The Philadelphia Story
  • 1985: Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Donald Dewey: James Stewart. A Biography.
  • Tony Thomas: A Wonderful Life. The Films and Career of James Stewart. Citadel Press, Secaucus (N.J.) 1988.
  • Howard Thompson: James Stewart. Seine Filme – sein Leben. Heyne, München 1988.
  • Starr Smith: Jimmy Stewart, Bomber Pilot. St. Paul, Minnesota: Zenith Press, 2005.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Stewart – Biller, Videoen oder Audiodateien