George C. Scott

Vu Wikipedia
George C. Scott
Gebuertsnumm George Campbell Scott
Gebuer 18. Oktober 1927
Gestuerwen 22. September 1999
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vum Missouri
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Colleen Dewhurst, Colleen Dewhurst
Den George C. Scott, 1984

Den George Campbell Scott, gebuer den 18. Oktober 1927 zu Wise a Virginia a gestuerwen den 22. September 1999 zu Westlake Village a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Theater- a Filmschauspiller, Filmregisseur a -produzent.

Hien ass bekannt fir seng Performancen am Theater, an am Kino virun allem fir seng Personifizéierung vum Generol George S. Patton am Film Patton, als Generol Buck Turgidson am Stanley Kubrick sengem Dr. Strangelove, an als Ebenezer Scrooge am Clive Donner senger Verfilmung vun A Christmas Carol vun 1984. Hie war deen éischte Schauspiller, deen den Oscar fir déi bescht Haaptroll refuséiert huet (1970 fir Patton), well hien et dernieft fonnt huet, e Ranking, ween dee "beschte" Schauspiller wier, ze maachen.

Vun 1972 bis zu sengem Doud 1999 war hie mat der Schauspillerin Trish Van Devere bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972: Rage - Haaptacteuren: Richard Basehart, Martin Sheen
  • 1974: The Savage Is Loose - Haaptacteuren: Trish Van Devere, John David Carson

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George C. Scott – Biller, Videoen oder Audiodateien