Vertigo (Film 1958)

Vu Wikipedia
Vertigo
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1958
Première 1958
Dauer 128 min
Faarf Faarweg
  Technicolor
Format 1,85:1 - VistaVision -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Alfred Hitchcock
Dréibuch Alec Coppel
Samuel A. Taylor
no engem Roman vum
Pierre Boileau
an Thomas Narcejac
Fotografie Robert Burks
Musek Bernard Herrmann
Schnëtt George Tomasini
Dekoren Henry Bumstead
Hal Pereira
Costumedesign Edith Head
Produzent Alfred J. Hitchcock Productions
Produktiouns-
gesellschaft
Paramount Pictures
Schauspiller
James Stewart als John Scottie Ferguson
Kim Novak als Madeleine Elster / Judy Barton
Barbara Bel Geddes als Midge Wood
Tom Helmore als Gavin Elster
Raymond Bailey als Dokter
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Vertigo ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1958, nom Roman D'entre les morts vum Pierre Boileau an Thomas Narcejac.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De pensionéierte Polizist Scottie Ferguson verléift sech an eng jonk Fra, déi sech wëll d'Liewen huelen. Duerch seng Héichtenangscht kann hien hiren Doud awer net verhënneren. Spéider begéint hien enger Fra déi där Doudeger op en Hoer gläicht…

Cameo-Optrëtt vum Hitchcock[änneren | Quelltext änneren]

Den Hitchcock geet laanscht d'Paart vun engem Schëffsschantjen.

De Vertigo-Effekt[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Film kënnt eng éischte Kéier de sougenannte Vertigo-Effekt zum Asaz. Dee besteet doran, datt d'Kamera op en Objet duerfiert, iwwerdeems gläichzäiteg hannerzeg, vun No op Wäitwénkel, gezoomt gëtt, ouni datt de Bildausschnëtt sech ännert. Doduerch entsteet de visuellen Effet, wéi wann den Hannergrond sech géif no hanne beweegen, iwwerdeems am viischte Beräich vum Bild d'Positioun vun Objeten oder Persounen d'selwecht bleift. Sou erreecht een eng optesch Illusioun vum Dronke-Sinn. Dësen Effekt gouf spéiderhi an enger Abberzuel vu Filmer imitéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]