Bernard Herrmann
Bernard Herrmann | |
---|---|
Gebuer |
29. Juni 1912 New York |
Gestuerwen |
24. Dezember 1975 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New York University |
Aktivitéit | Komponist, Dirigent, Filmkomponist |
De Bernard Herrmann, gebuer den 29. Juni 1911 zu New York City a gestuerwen de 24. Dezember 1975 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Dirigent a Komponist, deen duerch seng Filmkompositioune bekannt gouf. Besonnesch seng Zesummenaarbecht mam Regisseur Alfred Hitchcock, fir deen en ë. a. d'Musek fir d'Filmklassiker wéi Psycho, North by Northwest a Vertigo komponéiert huet, huet e berüümt gemaach.
Aner bekannt Filmer, fir déi en d'Musek geschriwwen huet, sinn ë. a. dem Orson Welles seng Citizen Kane (1941) an The Magnificent Ambersons (1942), d'Science-Fiction-Filmer The Day the Earth Stood Still (1951) an Journey to the Center of the Earth, dem François Truffaut seng Fahrenheit 451 a La mariée était en noir oder de Psychothriller Twisted Nerve (wouvun d'Haaptthema vum Quentin Tarantino am Kill Bill - Volume 1 erëmgebraucht gouf). Seng lescht Kompositioun war fir dem Martin Scorsese säin Taxi Driver (1975).
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]als Komponist
[änneren | Quelltext änneren]- 1941: Citizen Kane, vum Orson Welles
- 1941: All That Money Can Buy, vum William Dieterle
- 1942: The Magnificent Ambersons, vum Orson Welles
- 1944: Jane Eyre, vum Robert Stevenson
- 1945: Hangover Square, vum John Brahm
- 1946: Anna and the King of Siam, vum John Cromwell
- 1947: The Ghost and Mrs. Muir, vum Joseph L. Mankiewicz
- 1951: The Day the Earth Stood Still, vum Robert Wise
- 1952: On Dangerous Ground, vum Nicholas Ray
- 1952: 5 Fingers, vum Joseph L. Mankiewicz
- 1952: The Snows of Kilimanjaro, vum Henry King
- 1953: White Witch Doctor, vum Henry Hathaway
- 1953: Beneath the 12-Mile Reef, vum Robert D. Webb
- 1953: King of the Khyber Rifles, vum Henry King
- 1954: Garden of Evil, vum Henry Hathaway
- 1954: The Egyptian, vum Michael Curtiz (Musek zesumme mam Alfred Newman)
- 1955: Prince of Players, vum Philip Dunne
- 1955: The Kentuckian, vum Burt Lancaster
- 1955: The Trouble with Harry, vum Alfred Hitchcock
- 1955: Prince of Players, vum Philip Dunne
- 1956: The Man in the Gray Flannel Suit, vum Nunnally Johnson
- 1956: The Man Who Knew Too Much, vum Alfred Hitchcock
- 1956: The Wrong Man, vum Alfred Hitchcock
- 1957: A Hatful of Rain, vum Fred Zinnemann
- 1958: Vertigo, vum Alfred Hitchcock
- 1958: The Naked and the Dead vum Raoul Walsh
- 1958: The 7th Voyage of Sinbad, vum Nathan Juran
- 1959: North by Northwest, vum Alfred Hitchcock
- 1959: Blue Denim, vum Philip Dunne
- 1959: Journey to the Center of the Earth, vum Henry Levin
- 1960: Psycho Regie: Alfred Hitchcock
- 1961: The 3 Worlds of Gulliver, vum Jack Sher
- 1962: Tender Is the Night, vum Henry King
- 1961: Mysterious Island, vum Cy Endfield
- 1962: Cape Fear, vum J. Lee Thompson
- 1963: Jason and the Argonauts, vum Don Chaffey
- 1964: Marnie, vum Alfred Hitchcock
- 1965: Joy in the Morning, vum Alex Segal
- 1966: Fahrenheit 451, vum François Truffaut
- 1966: La mariée était en noir, vum François Truffaut
- 1968: Twisted Nerve, vum Roy Boulting
- 1969: Bezeten - Het gat in de muur, vum Pim de la Parra
- 1969: Bitka na Neretvi, vum Veljko Bulajic
- 1971: The Night Digger, vum Alastair Reid
- 1972: Endless Night, vum Sidney Gilliat
- 1973: Sisters, vum Brian De Palma
- 1974: It's Alive, vum Larry Cohen
- 1976: Obsession, vum Brian De Palma
- 1976: Taxi Driver, vum Martin Scorsese
- 1978: It Lives Again, vum Larry Cohen
- 1991: Cape Fear, vum Martin Scorsese
- 1998: Psycho, vum Gus Van Sant
als Schauspiller
[änneren | Quelltext änneren]- 1956: The Man Who Knew Too Much, vum Alfred Hitchcock
Filmdokumentatioun
[änneren | Quelltext änneren]- Music For The Movies: Bernard Herrmann. Dokumentarfilm vum Joshua Waletzky, 1992, 58 Minutten [als DVD bei Kultur Video 2007]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Steven C. Smith: A Heart at Fire's Center. Life and Music of Bernard Herrmann. University of California Press 1991, ISBN 0-52007123-9
- Bernard Herrmann über Filmmusik und Die Filmmusiken von Bernard Herrmann in Tony Thomas: Filmmusik. Die großen Filmkomponisten - ihre Kunst und ihre Technik (Film Score). Heyne, München 1996, ISBN 3-453-09007-1, S. 189-195
- Olaf Kiener: Bernard Herrmann - Der schwarze Romantiker, in: Filmharmonische Blätter. Heft 6/Juni 1987, S. 28-39
Um Spawek
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bernard Herrmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |