Audie Murphy
Audie Murphy | |
---|---|
Gebuertsnumm | Audie Leon Murphy |
Gebuer |
20. Juni 1925 Hunt County |
Gestuerwen |
28. Mee 1971 Roanoke |
Doudesursaach | Fligeraccident |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Lidderschreiwer, Komponist, Dréibuchauteur, Saachbuchauteur, Militär, Filmschauspiller, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent |
Famill | |
Bestuet mat | Wanda Hendrix |
Den Audie Leon Murphy, gebuer den 20. Juni 1924 an der Géigend vu Kingston, Texas, a gestuerwen den 28. Mee 1971 bei enger Fligerkatastroph zu Roanoke, Virginia, war de meescht dekoréierten amerikaneschen Zaldot am Zweete Weltkrich.
Nom Krich war hie Filmschauspiller an Dréibuchauteur. Hien huet och Texter fir 14 Lidder geschriwwen, vun deenen der e puer, wéi Shutters and Boards oder och When the Wind Blows in Chicago e puer Wochen an den Top-Ten vun der amerikanescher Hitparad waren.
Den Zaldot
[änneren | Quelltext änneren]Den Audie Murphy war op ville Plazen an Europa am Asaz, ënner anerem am Elsass bei Holtzwihr, wou et him gelonge war eng däitsch Panzerattack ze stoppen. Hie war an 8 Schluechten derbäi, a Sizilien, Italien, Frankräich an Däitschland, a bei den Debarquementer a Sizilien an a Südfrankräich. Den Audie Murphy gouf dräimol blesséiert. De 17. August 1945 gouf hien am Fort Sam Houston am Rang vun engem Läitnant demobiliséiert.
Trotz sengem Engagement beim Film huet hie sech erëm an der 36. Divisioun "Thirty-six T-Patchers" vun der Texas National Guard engagéiert fir mat an de Koreakrich ze goen. Hei hat hien de Rang vun engem Captain. Hie gouf 1957 an där Unitéit am Rang vu Major demobiliséiert, ouni datt hien iwwerhaapt a Korea war, well seng Divisioun net mobiliséiert gouf. Vun 1966 bis zu sengem Doud war hien an der United States Army Reserve.
Den Audie Murphy gouf um Nationalkierfecht vun Arlington, Virginia, begruewen. Op sengem Grafsteen, an der Sektioun 46 Nummer 366-11, sinn nëmmen déi wichtegst Dekoratiounen opgezielt - de Steen ass ze kleng fir se all drop ze schreiwen.
E Musée am Texas dréit säin Numm den Audie Murphy / American Cotton Museum, an all Joer, am Juni gëtt zu Greenville, Texas den Audie Murphy Day gefeiert.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1948: Texas, Brooklyn and Heaven, vum William Castle mam Guy Madison
- 1948: Beyond Glory, vum John Farrow mam Alan Ladd an Donna Reed
- 1949: Bad Boy, vum Kurt Neumann mam Lloyd Nolan an Jane Wyatt
- 1949: The Kid from Texas, vum Kurt Neumann mam Albert Dekker
- 1950: Sierra, vum Alfred E. Green mam Burl Ives an Dean Jagger
- 1950: Kansas Raiders, vum Ray Enright mam Brian Donlevy an Tony Curtis
- 1951: The Red Badge of Courage, vum John Huston mam Royal Dano an John Dierkes
- 1952: The Cimarron Kid, vum Budd Boetticher mam Beverly Tyler an James Best
- 1952: The Duel at Silver Creek, vum Don Siegel mam Faith Domergue a Stephen McNally
- 1953: Gunsmoke, vum Nathan Juran mam Susan Cabot a Paul Kelly
- 1953: Column South, vum Frederick de Cordova mam Robert Sterling an Dennis Weaver
- 1953: Tumbleweed, vum Nathan Juran mam Chill Wills
- 1954: Ride Clear of Diablo, vum Jesse Hibbs mam Susan Cabot
- 1954: Drums Across the River, vum Nathan Juran mam Walter Brennan
- 1954: Destry, vum George Marshall mam Mari Blanchard a Lyle Bettger
- 1955: To Hell and Back, vum Jesse Hibbs mam Marshall Thompson an David Janssen
- 1956: World in My Corner, vum Jesse Hibbs mam Barbara Rush an John McIntire
- 1956: Walk the Proud Land, vum Jesse Hibbs mam Anne Bancroft an Charles Drake
- 1957: The Guns of Fort Petticoat, vum George Marshall mam Kathryn Grant
- 1957: Night Passage, vum James Neilson mam James Stewart an Dan Duryea
- 1957: Joe Butterfly, vum Jesse Hibbs mam George Nader a Keenan Wynn
- 1958: The Quiet American, vum Joseph L. Mankiewicz mam Michael Redgrave a Claude Dauphin
- 1958: Ride a Crooked Trail, vum Jesse Hibbs mam Gia Scala a Walter Matthau
- 1958: The Gun Runners, vum Don Siegel mam Eddie Albert a Patricia Owens
- 1959: No Name on the Bullet, vum Jack Arnold mam Charles Drake an Joan Evans
- 1959: The Wild and the Innocent, vum Jack Sher mam Joanne Dru a Gilbert Roland
- 1959: Cast a Long Shadow, vum Thomas Carr mam Terry Moore an John Dehner
- 1960: Hell Bent for Leather, vum George Sherman mam Felicia Farr a Stephen McNally
- 1960: Seven Ways from Sundown, vum Harry Keller mam Barry Sullivan an John McIntire
- 1960: The Unforgiven, vum John Huston mam Burt Lancaster an Audrey Hepburn
- 1961: Posse from Hell, vum Herbert Coleman mam John Saxon a Vic Morrow
- 1961: Battle at Bloody Beach, vum Herbert Coleman mam Gary Crosby
- 1962: War Is Hell, vum Burt Topper
- 1962: Six Black Horses, vum Harry Keller mam Dan Duryea an Joan O'Brien
- 1963: Showdown, vum R. G. Springsteen mam Charles Drake
- 1963: Gunfight at Comanche Creek, vum Frank McDonald mam Ben Cooper an DeForest Kelley
- 1964: The Quick Gun, vum Sidney Salkow mam James Best an Ted de Corsia
- 1964: Bullet for a Badman, vum R. G. Springsteen mam Darren McGavin
- 1964: Apache Rifles, vum William Witney mam Michael Dante
- 1965: Arizona Raiders, vum William Witney mam Michael Dante a Ben Cooper
- 1966: The Texican, vum Lesley Selander mam Broderick Crawford an Diana Lorys
- 1966: Trunk to Cairo, vum Menahem Golan mam George Sanders a Marianne Koch
- 1966: Gunpoint, vum Earl Bellamy mam Warren Stevens an Edgar Buchanan
- 1967: 40 Guns to Apache Pass, vum William Witney mam Michael Burns
- 1969: A Time for Dying, vum Budd Boetticher mam Anne Randall a Victor Jory
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]Den Audie Murphy war 33-mol dekoréiert ginn. Déi wichtegst Gielercher sinn:
- Medal of Honor for exceptional valor
- Distinguished Service Cross
- Silver Star mat First Oak Leaf Cluster
- Legion of Merit
- Bronze Star Medal mat "V" Device a First Oak Leaf Cluster
- Purple Heart mat Second Oak Leaf Cluster
- U.S. Army Outstanding Civilian Service Medal
- Good Conduct Medal
- Distinguished Unit Emblem mat First Oak Leaf Cluster
- European-African-Middle Eastern Campaign Medal mat engem Silver Star, véier Bronze Service Stars an engem Bronze Arrowhead
- American Campaign Medal
- World War II Victory Medal
- Army of Occupation Medal
- Armed Forces Reserve Medal
- Combat Infantryman Badge
- Expert Badge mat Bayonet Bar
- Marksman Badge mat Rifle Bar
- Croix de guerre (Frankräich)
- Légion d'honneur
- French Liberation Medal
- Croix de guerre (Belsch)
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]Dem Audie Murphy seng Autobiographie: To Hell and Back, Owl Books, 288 Säiten, déi 1955 vum Jesse Hibbs verfilmt gouf. Am Film spillt de Murphy sech selwer.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Audie Murphy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |