Diskussioun:Audie Murphy

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"dee méi spéit Filmschauspiller an Dréibuchauteur gouf.": Wat fir en Dréibuch huet den Audie Murphy geschriwwen? Fir den "To Hell and Back" war et de Gil Doud. --Cornischong 23:24, 6 Abrëll 2007 (UTC)

"vun der amerikanescher Hitparad waren.": Wat ass "déi amerikanesch Hitparad"? An den USA wäerten et Honnerte, wann net Dausende vu Radiosendunge gi sinn, déi mat Lëschten hantéiert hunn. Deen Ausdrock ass zimmlech onglécklech, well en op eng trivial Manéier eppes ausdréckt dat guer net erklärt gëtt an iwwerhaapt net nozepréiwen ass. Et gouf nach ni eng "amerikanesch Hitparad". Wann et sollt d'Lëscht vu Billboard sinn, da misst een dat ernimmen an eng Quell uginn. Esou wierkt dat wéi den "amerikanesche Professer", deen eppes erfonnt hat. --Cornischong 09:08, 7 Abrëll 2007 (UTC)