Lidd

Vu Wikipedia

De Begrëff Lidd (v. alhéidt.: liod - "Gesongenes") bezeechent e gesongent Museksstéck, dat aus e puer gläichgebaute gereimte Strofen oder enger auskomponéierter variéierender Melodie fir all Strof besteet. D'Lidd stellt déi ursprénglechst an einfachst Form vun der Lyrik duer. Am Lidd fënnt dat mënschlecht Gefill a senge Stëmmungen a Bezéiungen eng reng an intensiv Ausdrocksméiglechkeet.

E Lidd ka vun engem eenzelene Sänger, dem Solist, engem Museksensembel oder engem Chouer, ob a cappella oder vun engem Museksinstrument begleet, virgedroe ginn.

D'Lidd zeechent sech duerch eng einfach a geschlosse Glidderung aus. Och Weise vun der Ballad oder vum Spriechgesank zielen zur Gattung Lidd.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]