Museksinstrument
Ausgesinn
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Museksinstrument ass e Géigestand fir Musek ze maachen, deen duerch d'Awierke vun deem, deen drop spillt, ganz oder deelweis vibréiert a sou d'Loft ronderëm sech a Schwéngunge versetzt; dës Schwéngunge ginn dann als Geräisch oder Toun erfaasst.
Klassifizéierung vun de Museksinstrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Eng méiglech Andeelung vun de Museksinstrumenter riicht sech no der Aart a Weis, wéi den Toun entsteet. Sou kann een dann ënnerscheeden:
- Chordophonen (Säiteninstrumenter): Gespaante Säite ginn zum schwénge bruecht, z. B. Gei, Gittar.
- Aerophonen: E Loftstroum léisst d'Instrument erkléngen, z. B. all Blosinstrumenter, awer och den Akkordeon.
- Idiophonen: Dës Instrumenter vibréieren an hirer Gesamtheet, meeschtens well s'un- oder géintenee geschloe ginn, z. B. Holzblock, Klackespill, Klibber.
- Membranophonen: Dës Instrumenter hunn eng Membran (e "Fell"), déi schwéngt, z. B. well drop geschloe gouf, z. B. Tromm.
- Elektrophonen sinn elektronesch Instrumenter, déi un en Hautparleur ugeschloss sinn, an duerch dee sinn hir Téin ze héieren, z. B. Syntheziser.
- Aetherophon: En elektronescht Instrument, dat ouni Kontakt gespillt gëtt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Museksinstrumenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |