Gei

Vu Wikipedia
Eng Gei vu vir a vun der Säit gesinn.

Eng Gei ass e Sträichinstrument mat véier Säiten, déi mat engem Bou gespillt ginn. Déi Säite gi meeschtens op d'Noute sol, re, la a mi gespaant. D'Gei gëtt tëscht dat lénkst Schlësselbeen an de Kënn geklemmt. Déi ënnerschiddlech Nouten entstinn andeems ee mat de Fangere vun der enger Hand (meeschtens déi lénks) d'Säite gräift a mat dem Bou an der anerer iwwer d'Säite sträicht.

D'Gei ass dat klengst Sträichinstrument an dat mat den héchsten Téin, dat an der westlecher Musek benotzt gëtt. D'Persoun, déi d'Gei spillt, heescht Violonist oder Violonistin respektiv Geiist oder Geiistin[1]. Déi Persoun, déi d'Gei produzéiert, heescht Geiebauer oder Geiebauerin.

D'Gei spillt eng bedeitend Roll an der europäescher an an der arabescher Musek. Déi modern Gei ass ongeféier 400 Joer al – änlech Sträichinstrumenter gëtt et zënter ongeféier engem Joerdausend. Zum Zäitpunkt, wéi déi modern Orchestere forméiert goufen, war d'Gei sou gutt wéi fäerdeg entwéckelt a si gouf dat wichtegst Orchesterinstrument. D'Majoritéit vun de klassesche Komponisten huet Stécker fir Violoniste geschriwwen, mä si gëtt och als Soloinstrument a villen anere Museksgenren agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://lod.lu/artikel/GEIIST1 Den LOD-Artikel fir „Geiist“.