Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Vu Wikipedia
De Bildungsminister Claude Meisch presentéiert déi fuschnei Internetsäit vum LOD (Juni 2022)

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire, kuerz LOD, ass e méisproochegen Online-Dictionnaire, an deem lëtzebuergesch Wierder ufanks mat der däitscher, franséischer a portugisescher Iwwersetzung, a mëttlerweil och der englescher, stinn. Vun deene véier Sproochen aus kann een dann och déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun engem Wuert sichen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire gëtt vun enger Aarbechtsgrupp ausgeschafft, déi vum Kulturministère agesat gouf. Si besteet aus sechs Leit mat enger voller Tâche, sou wéi och zéng Experten, déi sech Aarbechte wéi Redaktioun a Relecture a fënnef Sproochen deelen. Zanter der Grënnung vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass si an dësem integréiert.

De 5. Februar 2007 ass den LOD en online gaange mat de Wierder vun "A" bis "Awunnerzuel". D'Wierder mat den Ufanksbuschtawe B bis Z, vun deenen der am Ufank och schonn e puer drastoungen, ginn no an no bäigesat. Sou war Mëtt Mee 2009 de Buschtaf H fäerdeg, Enn 2009 waren d'Aarbechte bis bei de Lemma "Jux" komm, an am Juni 2010 war e bis bei de Buschtaf L komm. Enn November 2010 waren d'Wierder bis de Buschtaf N nach mat online[1]. Am Juni 2011 goung den LOD bis "Otem", an Enn 2012 stoung e bei "Rutt". Een, zwee Joer drop war d'Alphabet erduerch.

Et kommen allerdéngs nach reegelméisseg nei Wierder derbei, woubäi jiddeeen online Wierder, déi et nach net am LOD gëtt, virschloe kann.

All Lemma ass phoneetesch transkribéiert, huet Beispillsätz, an et kann ee lauschteren, wéi d'Wuert ausgeschwat gëtt: bei Substantiven an der Een- an an der Méizuel; bei Verben am Infinitiv an am Perfekt. Fir all Verben an Adjektiver kann ee sech ausserdeem déi komplett Konjugatiouns- (~ 1.800), resp. Deklinatiounstabellen (~ 600) uweise loossen.

E Link erméiglecht et, Commentairen zu all eenzele Lemma ze schécken.

D'Software ass sou ugeluecht, datt méi spéit nach aner Iwwersetzunge mat agebaut kënne ginn.

Den LOD huet am Abrëll 2020 e Covid-19-Glossaire mat engen 300 Begrëffer vun der Corona-Pandemie op Lëtzebuergesch verëffentlecht[2].

Am Oktober 2020 goufen, an Zesummenaarbecht mat der Héiergeschiedigteberodung, déi 1.000 heefegst Lemmata och an enger Iwwersetzung an d' Gebäerdesprooch op Video zougänglech gemaach[3].Am September 2023 louch d'Zuel vu Videoe bei 2.350.[4]

Zanter dem 6. Dezember 2021 ass den Dictionnaire och am PDF Format disponibel.

An zanter November 2022 gëtt et den LOD als gratis App fir mobil Apparater, déi um Play Store vu Google an um App Store vun Apple kann erofgeluede ginn.

Zanter Enn 2022 ginn d'Beispillsätz op Lëtzebuergesch - am Ganzen iwwer 50.000[5] - no an no zousätzlech als Audiodatei op de Site gesat. Se goufe vum Max Kuborn gelies.[6]

No an no kann een och de Vocabulaire zu bestëmmten Themegebitter a Kategorien (Tags) erëmfannen.

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

2022 goufen 9,4 Milliounen Artikelen opgeruff. D'Lemmata, déi am meeschte gekuckt goufen, waren, genee wéi déi Jore virdrun, d'Verbe goen, sinn, kënnen, ginn, hunn, maachen an huelen.[6]

2023 ware 684 nei Wierder bäikommm, an iwwer 1 Millioun Visiteuren hu ganzer 10.712.300 Artikelen opgeruff.[7]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Kühn, P., Luxemburger Wörterbücher als Kulturspeicher. Die lexikographischen Beispiele im 'Lëtzebuerger Online Dictionnaire'. In: Institut Grand-Ducal. Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (Hrsg.): Bulletin linguistique et ethnologique. Fascicule 34. Luxembourg 2013, 23-53.
  • Ecker, Alexandre, Mäi koppege Monni aus dem LOD. E puer Iwwerleeungen zu de Beispillsätz am Lëtzebuerger Online Dictionnaire., Luxemburger Wort, Nr 67, 19.03.2020, Die Warte, 45|2645, S. 2-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Online Dictionnaire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "LOD.LU: Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo bis Buschtaf N." RTL.lu 22.11.2010, 16:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.11.2010, 17:22.
  2. LOD:Covid-19-Glossaire
  3. "LOD: Beléiftste Wierder goufen elo och a Gebäerdesprooch opgeholl." rtl.lu, 23.09.2020 16:29.
  4. Tweet vum 23.09.2023 vun @den_zls op x.com.
  5. Tweet vum 7. Mäerz 2023, @den_ZLS op twitter.com]
  6. 6,0 6,1 Lëtzebuerger Online Dictionnaire – Réckbléck 2022. ZLS-Newsletter #17, 2023-01-24.
  7. "Lëtzebuerger Online Dictionnaire – Réckbléck 2023." Communiqué, 30.01.2024 op mcult.gouvernement.lu.