Jane Fonda

Vu Wikipedia
Jane Fonda
um Festival vu Cannes (2014)
Gebuertsnumm Jane Seymour Fonda, Jayne Seymour Fonda
Gebuer 21. Dezember 1937
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Art Students League of New York
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Mannequin, Schauspiller, Filmproduzent, Televisiounsschauspiller, Autobiograph, Synchronspriecher
Partei Demokratesch Partei
Member vun Akademie der Künste Berlin
Famill
Bestuet mat Roger Vadim, Tom Hayden, Ted Turner
Liewenspartner(in) Richard Perry
Papp Henry Fonda
Mamm Frances Ford Seymour
Geschwëster Peter Fonda
Kanner Vanessa Vadim, Troy Garity, Mary Williams
D'Jane Fonda (1963)

D'Jane Seymour Fonda, gebuer den 21. Dezember 1937 zu New York, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin. Si ass och bekannt als politesch Aktivistin an Aerobic-Verfechterin.

D'Jane Fonda kënnt aus enger Schauspillerfamill. Si ass d'Duechter vun der Frances Ford Seymour, déi sech d'Liewe geholl huet, wéi d'Jane 12 Joer hat, an dem Schauspiller Henry Fonda. De Peter Fonda ass hire Brudder an d'Bridget Fonda hir Niess.

1958 huet si de Lee Strasberg kennegeléiert an hiert Konschtstudium opgehalen, fir a sengem Actors Studio Coursen ze maachen. Duerno huet si um Broadway Theater gespillt. Ee Stéck, Tall Story. gouf mat hir an der selwechter Roll verfilmt.

Vun 1964 bis 1969 war si mam Roger Vandim zesummen, an huet ënner anerem a senger Filmer La ronde a Barbarella matgespillt. Aner Filmer vun hir aus där Zäit, déi Succès hate, si Cat Ballou (1965) Barefoot in the Park, (1967, mam Robert Redford) an They Shoot Horses, Don't They? (1969).

1968 huet si den Tom Hayden kennegeléiert (dee spéider hiren zweete Mann gouf) a sech mat him géint de Vietnamkrich engagéiert, wat hir de Spëtznumm Hanoi-Jane abruecht huet.

1971 krut si fir hir Haaptroll am Alan J. Pakula sengem Film Klute en Oscar, an en zweeten Oscar krut se 1978 fir hir Roll a Coming Home. En anere wichtege Film aus de spéiden 1970er Jore war The China Syndrome, wou et ëm d'Gefore vun Atomkraaftwierker geet.

1981 huet si am Film On Golden Pond als eenzeg Kéier mat hirem Papp (a mat der Katharine Hepburn) zesumme gespillt. Dëse krut dofir säin eenzegen Oscar, deen d'Jane fir hien an Emfang geholl huet (hie war do scho schwéier krank an ass kuerz duerno gestuerwen).

An den 1980er Joren huet d'Jane Fonda sech intensiv mam Verkaf a Marketing vun hire Bicher, Televisounsemissiounen a Videokassetten iwwer d'Fitness-Method Aerobic ofginn.

Vun 1991 bis 2001 war si mam Ted Turner bestuet, dem Grënner vun CNN. An där Zäit huet si sech virun allem ëm Aktioune fir de gudden Zweck gekëmmert, wéi z. B. d'Georgia Campaign for Adolescent Pregnancy Prevention an de Jane Fonda Center for Adolescent Reproductive Health, déi se matgegrënnt huet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • My Life So far (Autobiographie, 2005)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jane Fonda – Biller, Videoen oder Audiodateien