Festival de Cannes

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Festival vu Cannes)
D'Schauspiller vum südkoreanesche Film Burning op den Trape virum Palais vum Filmfestival vu Cannes

De Festival vu Cannes (op franséisch: Festival de Cannes) ass e vun de bedeitendste Filmfestivaller vun der Welt. E gëtt all Joer op der Côte d'Azur zu Cannes a Frankräich organiséiert.

Den héchste Präis, deen all Joer un de beschte Film verdeelt gëtt, ass d'Palme d'or.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Festival gouf ursprénglech virum Zweete Weltkrich vun der franséischer Regierung aus Oppositioun géint de Filmfestival vu Venedeg an d'Liewe geruff. De war 1938 vun de Faschisten an den Nazien dirigéiert ginn. Déi éischt Editioun vum Festival vu Cannes hätt sollten 1939 ofgehale ginn, mä gouf awer schlussendlech ofgesot, well Groussbritannien a Frankräich den 3. September 1939 Nazidäitschland de Krich erkläert hunn. Fir déi éischt Editioun sollten zwéi Lëtzebuerger Filmer vum René Leclère gewise ginn: d'Documentairen La chanson de l'eau a Circulez.[1] 2019 gouf zu Orléans e "Remake" vun der ofgesoter éischter Editioun vun de Filmfestspiller vu Cannes vun 1939 organiséiert. Och dem René Leclère seng zwéi Filmer goufen do gewisen a vum Paul Lesch, dem Direkter vum CNA presentéiert.[2]

Déi éischt tatsächlech Editioun war dunn 1946.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cannes Film Festival – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Das Programm von Cannes, Escher Tageblatt, 25. August 1939, Säit 8
  2. festivalfilm1939.com: Säit iwwer La Chanson de l'eau + Circulez (gekuckt den 23. Dezember 2021)