Ann-Margret

Vu Wikipedia
Ann-Margret
Gebuer 28. Abrëll 1941
Valsjöbyn
Nationalitéit USA, Schweden
Educatioun Northwestern University,
Northwestern University School of Communication,
New Trier High School
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Roger Smith

D'Ann-Margret, gebuer als Ann-Margret Olsson den 28. Abrëll 1941 zu Valsjöbyn a Schweden, ass eng US-amerikanesch-schweedesch Sängerin a Schauspillerin.

D'Ann-Margret krut Rollen als Sängerin a verschiddene musikalesche Filmer wéi State Fair (1961) vum José Ferrer, Bye Bye Birdie (1963) vum George Sidney an Tommy (1975) vum Ken Russell. Aner bekannt Filmer mat hir sinn de Filmdrama aus den Pokermilieu The Cincinnati Kid (1965) vum Norman Jewison, den Drama Carnal Knowledge (1970) vum Mike Nichols, den italieenesche Kaméidisfilm Il profeta (1968) vum Dino Risi an den dramatesche Kaméidisfilm em zwee zerstridden al Männer Grumpy Old Men (1993) vum Donald Petrie.

D'Ann-Margret war vun 1967 bis zu deem sengem Doud am Joer 2017 mam Schauspiller Roger Smith bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ann-Margret – Biller, Videoen oder Audiodateien