John Travolta

Vu Wikipedia
John Travolta
Den John Travolta (2013)
Gebuertsnumm John Joseph Travolta
Gebuer 18. Februar 1954
Englewood
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Filmproduzent, Schrëftsteller, Dänzer, Museker, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Synchronspriecher
Famill
Bestuet mat Kelly Preston
Geschwëster Joey Travolta, Ellen Travolta, Margaret Travolta
Kanner Ella Bleu Travolta

Den John Joseph Travolta, gebuer den 18. Februar 1954 zu Englewood, am New Jersey, ass en US-amerikanesche Schauspiller, Sänger, Dänzer, Produzent an Auteur.

No enger Roll an der Sitcom Welcome Back, Kotter (1975-1979) hat den Travolta seng éischt Filmroll am Brian De Palma sengem Horrorfilm Carrie (1976). Dono gouf hien, um Héichpunkt vun der Disco-Well, mat Saturday Night Fever (1977) a Grease (1978) zu engem vun de gréisste Stare vun Hollywood.

Dono hat hie manner Succès mat senge Filmer, ier en 1994 a Pulp Fiction e Comeback hat, an deen him eng Oscar-Nominéierung abruecht huet. Seng spéider Rollen hate mëttelméissege Succès beim Publikum an de Kritiker. Aus dem Lot stécht de Science-Fiction-Film Battlefield Earth (2000), deen hie selwer produzéiert huet, an deen net nëmmen e kommerzielle Flop war, mä och nach zu de schlechtste Filmer vun allen Zäite gezielt gëtt. Et war dëst d'Verfilmung vum Scientology-Grënner L. Ron Hubbard sengem Buch mam nämmlechten Numm. Den Travolta ass Member vun där Beweegung.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nigel Andrews: Travolta: The Life. New York: Bloomsbury, 1998
  • John Travolta Propeller One-Way Night Coach: A Fable for all Ages. Grand Central Pub, 1997

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Travolta – Biller, Videoen oder Audiodateien