Elton John
Elton John | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Reginald Kenneth Dwight |
Pseudonym | Elton John |
Gebuer | 25. Mäerz 1947 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Royal Academy of Music, Universitéit vu London |
Aktivitéit | Liddermécher, Komponist, Sänger, Filmschauspiller, Gittarist, Pianist |
Famill | |
Bestuet mat | David Furnish |
Den Elton Hercules John, CBE, gebuer de 25. Mäerz 1947 zu Pinner, Middlesex, Greater London als Reginald Kenneth Dwight, ass e brittesche Sänger, Komponist a Pianist.
Mat iwwer 900 Millioune verkaafte Placken an CDen[1] zielt hien zu deenen Interpreten, déi am meeschte Placken op der Welt verkaaft hunn. Eleng d'Single Candle in the Wind, déi en nom Doud vun der Prinzessin Diana nei opgeholl hat, gouf 45 milliounemol verkaaft.
Aner Hits vun him sinn ë. a. Rocket Man, Crocodile Rock, Daniel, Goodbye Yellow Brick Road, Bennie And the Jets, Don't Let The Sun Go Down On Me, Philadelphia Freedom, Don't Go Breaking My Heart, Blue Eyes, I Guess That's Why They Call It The Blues, I'm Still Standing, Sorry Seems to Be the Hardest Word, Song for Guy, Just Like Belgium oder Nikita.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Philip Norman: Sir Elton: the definitive biography of Elton John. Pan Books, London 2001, ISBN 0-330-37734-5.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Elton John – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "Sir Elton John in Wien*. oe 24, 2013-06-22.