Coque

Vu Wikipedia
Coque
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Koordinaten 49°37'25"N, 6°9'15"O
Architekt(en) Roger Taillibert
Opgaangen 14. Abrëll 1982
D'Coque um Kierchbierg

D'Coque, offiziell Centre national sportif et culturel (CNSC)[1], ass de gréisste Sportkomplex zu Lëtzebuerg. Se läit an der Stad Lëtzebuerg, um Kierchbierg, laanscht d'Avenue John F. Kennedy.

Den Numm huet se wéinst der Form vum Gebai, dat un eng Muschel erënnert.

Se gouf 2002 als Extensioun vun der olympescher Schwämm (déi och sou e muschelfërmegen Iwwerdaach aus Bëtong huet) ageweit. Architekt ass de Roger Taillibert[2].

D'Hal huet 8000 Sëtzplazen op de Gradinen an eng Fläch vu 4.300 Quadratmeter. Dee ganze Komplex erstreckt sech iwwer 65.000 m².

D'Coque ass konzipéiert fir eng ganz Rei Sportaarten:

Et gëtt nach en Zentrum fir Héichleeschtungssport gebaut (High Performance Training and Recovery Center) dee Mëtt Abrëll 2019 fäerdeg gi soll. Den Zweck vun dësem Zenter ass, den Athleeten optimal Konditioune fir den Training ze bidden, absënns als Virbereedung op d'Olympesch Spiller vun Tokio 2020[3].

Bis zu 570.000 Leit passéieren all Joer an der Coque. 2008 hunn 300 Schoulklassen, 25 Sportsfederatiounen, wouvun der 13 permanent do trainéieren, an de Sport-études gratis vun der Coque profitéiert[4].

Et gëtt do och e Restaurant, an en Hotel fir d'Athleeten an hir Trainere wärend Kompetitiounen oder Stagen.

Nieft hirer Funktioun als Sportzentrum gëtt d'Coque och fir grouss Manifestatiounen, Concerten oder als Konferenzzentrum gebraucht. D'Piscine hirersäits huet e grousse Wellnessberäich.

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

De Centre national sportif et culturel gouf den 29. Juni 2000 als Ëffentlecht Etablissement gegrënnt[5].

Generaldirekter vun der Coque ass zanter dem 1. Oktober 2018 de Christian Jung, deen de Gilbert Neumann ersat huet nodeems dee a Pensioun gaangen ass[3]. President vum Verwaltungsrot ass de Marc Mathekowitsch[6].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ënner der Nummer J56 de 15. Juli 2016 am Handelsregëster ageschriwwen
  2. "Presentation." op coque.lu (gekuckt 2015-10-21).
  3. 3,0 3,1 100 Tage in der Coque op wort.lu den 9. Januar 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 10. Januar 2019 ënnert dem Titel „Der Sport bleibt die Priorität“
  4. "Hannergrond: Fonctionnement a Finanzement vun der Coque." rtl.lu, 29.09.2009, 12:30.
  5. gekuckt den 10. Januar 2019 op lbr.lu, der Websäit vum Handelsregëster
  6. Organisation - Le conseil d'administration op coque.lu, fir d'lescht gekuckt den 10. Januar 2019