Roger Taillibert
Ausgesinn
| Roger Taillibert | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Roger René Taillibert |
| Gebuer |
21. Januar 1926 Châtres-sur-Cher |
| Gestuerwen |
3. Oktober 2019 16. Arrondissement |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun |
École du Louvre, École nationale supérieure des beaux-arts |
| Aktivitéit | Architekt |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
| Fonctioun | President vun der Académie des beaux-arts |
| Member vun | Académie des beaux-arts, Académie des sports |
| Gielercher | Commandeur des Arts et des Lettres, Commandeur vun der Légion d'honneur, Commandeur de l'ordre national du Mérite, Prix des Plus beaux ouvrages de construction métallique, Officier vun der Légion d'honneur |
|
| |
De Roger Taillibert, gebuer den 21. Januar 1926 zu Châtres-sur-Cher am Departement Loir-et-Cher, a gestuerwen den 3. Oktober 2019 zu Paräis, war e franséischen Architekt, dee sech op Sportsinfrastrukture spezialiséiert hat. Zu senge bekanntste Gebaier zielen de Stadion vum Parc des Princes zu Paräis (1972) an den Olympiastadion zu Montréal, dee fir d'Olympesch Summerspiller 1976 gebaut gi war.
Zu Lëtzebuerg huet hien d'Olympesch Schwämm um Kierchbierg (1982), a spéiderhin d'Coque (2002), entworf.[1] Säi Centre 300, dee sollt fir d'Europäescht Parlament gebaut ginn, gouf net realiséiert.
Och eng Rëtsch Verwaltungs-, Schoul- a Wunngebaier goufen no senge Pläng gebaut.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Den Olympiastadion zu Montréal, nuets
-
De Velodrom vu Montréal (haut Biodôme) (1976).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Roger Taillibert – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fiche bei der Académie des beaux-arts
- Agence Roger Taillibert
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Sarah Cames :"d'Coque"-Architekt Roger Taillibert ist tot." wort.lu, 04.10.2019.
