Playboy (Magazin)

Vu Wikipedia

Playboy ass en US-amerikanesche Magazin fir Männer, an deem souwuel Fote vu plakege Fraen, wéi och Interviewe vu bekannte Perséinlechkeeten, Cartoonen a Kuerzgeschichte vu méi oder manner bekannten Auteuren ze fanne sinn (dorënner sinn de Saul Bellow, den John Updike, d'Doris Lessing, de Vladimir Nabokov, de Michael Crichton, den John LeCarré, den Irwin Shaw, den John Irving, d'Nadine Gordimer oder de Kurt Vonnegut).

E gouf am Oktober 1953 vum Hugh Hefner an e puer Associéë gegrënnt. Déi éischt Nummer, mam Marilyn Monroe um Cover, koum den 1. Dezember 1953 eraus. Et hat vun Ufank u grousse Succès, an ass haut Deel vu Playboy Entreprises, Inc., déi d'Markerechter geréiert, dorënner fir Adaptatioune vum Magazine an Dosende vu Sproochen, an och Filmer produzéiert, déi fir hir eege Senderen, wéi och fir anerer produzéiert ginn, doriwwer eraus fir DVD an Internet.

Playboy ass haut eng vun de Marquen op der Welt mat deem héchsten Erëmerkennungswäert. Legendär ass säin Centerfold, an der Mëtt vum Heft, deen een erausklappe kann, an op deem d'Playmate vum Mount drop poséiert.

An den 1970er Joren huet sech de Playboy mat sengm Konkurrent Penthouse "bekricht" wee wéi wäit kéint goen, wat d'Weise vu Schamhoer (wat deemools nach als Grenz tëscht erotescher Fotografie a Pornographie gegolt huet) betrëfft. Ironesch gouf dat an Amerika als Pubic wars (als Wuertspill op Punic wars, Punesch Kricher) bekannt.

1988 huet dem Hugh Hefner seng Duechter, d'Christie Hefner, d'Direktioun vu Playboy Enterprises iwwerholl.

Den Héichpunkt vu senger Oplo hat de Playboy am November 1972 mat 7.161.561 verkaaften Exemplairen. D'Konkurrenz vu méi "expliziten" Zäitschrëften, wéi och vum Internet, hunn an de Joren a Joerzéngten duerno d'Oplo op eppes iwwer eng Millioun erofgoe gelooss.

Editiounen an anere Länner[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell:

  • Argentinien (1985–1995, 2006–)
  • Brasilien (1975–)
  • Bulgarien (2002–)
  • Däitschland (1972–)
  • Éisträich (2012–)
  • Estland
  • Frankräich (1973–)
  • Griicheland (1985–)
  • Holland (1983–)
  • Israel (2013-)
  • Italien (1972–2003, 2008–)
  • Kolumbien (2008–)
  • Kroatien (1997–)
  • Lettland (2010–)
  • Litauen (2008–)
  • Mexiko (1976–1998, 2002–)
  • Moldowien (2012–)
  • Mongolei (2012-)
  • Nordmazedonien (2010–)
  • Philippinen (2008–)
  • Polen (1992–)
  • Portugal (2009, 2012–)
  • Rumänein (1999–)
  • Russland (1995–)
  • Serbien (2004–)
  • Slovakei (1997–2002, 2005–)
  • Slowenien (2001–)
  • Spuenien (1978–)
  • Thailand (2012–)
  • Tschechien (1991–)
  • Ukrain (2005–)
  • Ungarn (1989–1993, 1999–)
  • USA (1953–)
  • Venezuela (2006–)

Fréier:

  • Australien (1979–2000)
  • Georgien (2007–2009)
  • Hong Kong (1986–1993)
  • Indonesia (2006–2007)
  • Japan (1975–2009)
  • Norwegen (1998–1999)
  • Singapur
  • Schweden (1998–1999)
  • Südafrika (1993–1996, 2011–2013)
  • Taiwan (1990–2003)
  • Tierkei (1986–1995)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Anniversaires-Editiounen
  • Jacob Dodd, editor. The Playboy Book: Forty Years. Santa Monica, California: General Publishing Group, 1994, ISBN 1-881649-03-2
  • Playboy: 50 Years, The Photographs. San Francisco: Chronicle Books, 2003, ISBN 0-8118-3978-8
  • Nick Stone, editor; Michelle Urry, cartoon editor. Playboy: 50 Years, The Cartoons. San Francisco: Chronicle Books, 2004. ISBN 0-8118-3976-1
  • Gretchen Edgren, editor. The Playboy Book: Fifty Years. Taschen, 1995. ISBN 3-8228-3976-0
Interview-Sammlungen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Playboy magazine – Biller, Videoen oder Audiodateien