John Updike

Vu Wikipedia
John Updike
Gebuer 18. Mäerz 1932
Gestuerwen 27. Januar 2009
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller, Romancier, Essayist, Dramatiker, Konschtkritiker, Auteur, Literaturkritiker, Science-Fiction-Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Journalist
Member vun American Academy of Arts and Letters, American Academy of Arts and Sciences

Den John Hoyer Updike, gebuer den 18. Mäerz 1932 zu Reading (Pennsylvania) a gestuerwen de 27. Januar 2009 zu Beverly (Massachusetts), war en US-amerikanesche Schrëftsteller, dee virun allem Romaner a Kuerzgeschichte geschriwwen huet.

Säi bekanntst Wierk ass seng Rabbit-Serie: Rabbit, Run, Rabbit Redux, Rabbit is Rich, Rabbit at Rest, a Rabbit, Remembered. Säin éischte kommerzielle Succès war Couples.

Mat engem realistesche Stil huet den Updike virun allem d'Liewe vun Duerschnëttsmënschen aus New England beschriwwen, wou en och gewunnt huet. Theemen, déi ëmmer nees erëmkommen, si Sexualitéit an Doud, an d'Zesummespill vun deenen zwee. Den Updike war e villsäitegen Auteur, deen a senger Fiktioun ëmmer nees autobiographesch Elementer verschafft huet, z. B. a senge literareschen Alter egoen Harry Angstrom ("Rabbit", den Duerchschnëttsamerikaner), Henry Bech (de schwieregen Auteur) a Richard Maple (de Biergerlechen an enger Midlife crisis).

Den John Updike huet och vill Rezensioune geschriwwen (dorënner iwwer d'Wierker vum Saul Bellow, Kurt Vonnegut, Iris Murdoch, Milan Kundera an Isabel Allende) an huet literaresch Debatte gefouert, z. B. mam Gore Vidal oder dem Tom Wolfe.

Hien ass u Longekriibs gestuerwen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • The Widows of Eastwick (2008)
  • Terrorist (2006)
  • Villages (2004)
  • Seek My Face (2002)
  • Rabbit Remembered (2001)
  • Buchanan Dying: A Play (2000)
  • Gertrude and Claudius (2000)
  • Licks of Love: Short Stories and a Sequel (2000)
  • A Child's Calendar (1999)
  • On Literary Biography (1999)
  • More Matter: Essays and Criticism (1999)
  • Bech at Bay: A Quasi-Novel (1998)
  • Toward the End of Time (1997)
  • Golf Dreams: Writings on Golf (1996)
  • In the Beauty of the Lilies (1996)
  • Rabbit Angstrom: A Tetralogy (1995)
  • The Afterlife and Other Stories (1994)
  • Brazil (1994)
  • Conversations with John Updike (1994)
  • Love Factories: Three Stories, with a Foreword (1993)
  • Collected Poems, 1953-1993 (1993)
  • Memories of the Ford Administration: A Novel (1992)
  • Ma Jen (1991)
  • Odd Jobs: Essays and Criticism (1991)
  • Rabbit at Rest (1990)
  • Just Looking: Essays on Art (1989)
  • Self-Consciousness: Memoirs (1989)
  • Going Abroad (1988)
  • S. (1988)
  • The Afterlife (1987)
  • Trust Me: Short Stories (1987)
  • Roger's Version (1986)
  • Facing Nature: Poems (1985)
  • The Witches of Eastwick (1984)
  • Hugging the Shore: Essays and Criticism (1983)
  • Bech Is Back (1982)
  • The Carpentered Hen and Other Tame Creatures (1982)
  • Rabbit Is Rich (1981)
  • Problems and Other Stories (1979)
  • Too Far to Go: The Maples Stories (1979)
  • The Coup (1978)
  • The Poorhouse Fair (1977)
  • Tossing and Turning: Poems (1977)
  • Marry Me: A Romance (1976)
  • A Month of Sundays (1975)
  • Picked-Up Pieces (1975)
  • Buchanan Dying; A Play (1974)
  • Museums and Women, and Other Stories (1972)
  • Seventy Poems (1972)
  • Rabbit Redux (1971)
  • Of the Farm (1968)
  • Couples (1968)
  • Rabbit, Run (1960)

Quell

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Updike – Biller, Videoen oder Audiodateien