Zsa Zsa Gabor

Vu Wikipedia
Zsa Zsa Gabor
Gebuertsnumm Gábor Sári
Gebuer 6. Februar 1917
Budapest
Gestuerwen 18. Dezember 2016
Los Angeles
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Promi, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Participant vu Schéinheetsconcoursen, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Burhan Belge, Conrad Hilton, George Sanders, Herbert Hutner, Joshua S. Cosden, Jr., Jack Ryan, Michael O'Hara, Frédéric von Anhalt
Papp Vilmos Gábor
Mamm Jolie Gabor
Geschwëster Magda Gabor, Eva Gabor
Kanner Francesca Hilton

Zsa Zsa Gabor [ ʒɒ ʒɒ ɡaːbor ], gebuer de 6. Februar 1917 zu Budapest, Éisträich-Ungarn, als Sari Gábor (och alt als Zsuzsanna Gábor Sari uginn) a gestuerwen den 18. Dezember 2016[1],[2] zu Los Angeles, Kalifornien, war eng US-amerikanesch-ungaresch Schauspillerin.

1936 huet si de Schéinheetsconcours fir d'Miss Ungarn gewonnen. Si krut duerno eng kleng Roll an der Operett Der Singende Traum. 1941, nodeem hiert Bestietnes mat engem tierkeschen Diplomat auserneegaange war, ass si bei hir Sëschter Eva op Hollywood geplënnert, fir do Schauspillerin ze gi wéi si. Bekannt gouf se virun allem duerch ongezielt ëffentlech Affären, Skandaler, Scheedungen a Prozesser wéinst Beleidegung.

Vun 1952 un huet si eng 50 Rollen a méi klenge Filmer oder Tëleesfilmer gehat.

Bestietnesser[änneren | Quelltext änneren]

D'Zsa Zsa Gabor war aachtmol bestuet:

  1. 1937-1941 Burhan Asaf Belge (* 1899; † 1967), Pressechef vum tierkeschen Ausseministère, dee spéider als Schrëftsteller an Diplomat bekannt gouf;
  2. 1942-1947 Conrad Nicholson Hilton (* 1887; † 1979), Grënner vun der Hilton-Hotel-Chaîne, mat deem se hir eenzeg Duechter Constance Francesca Hilton (* 1947) huet;
  3. 1949-1954 George Sanders (* 1906; † 1972), e Schauspiller, deen duerno der Zsa Zsa hir Schwëster Magda bestuet huet;
  4. 1964-1966 Herbert Hunter, e Finanzconseiller an Industriellen;
  5. 1966-1967 Joshua S. Cosden, Jr., e Geschäftsmann an der texanescher Pëtrolsindustrie;
  6. 1975-1976 Jack W. Ryan (* 1926; † 1991), Designer a Materfinder vun der Barbiespopp;
  7. 1977-1982 Michael O’Hara, en Affekot;
  8. zanter 1986 Frédéric Prënz vun Anhalt.

Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1952: Lovely to Look at
  • 1952: We're Not Married!
  • 1952: Moulin Rouge
  • 1953: Lili
  • 1954: Sangre y luces
  • 1954: Im Zirkus der drei Manegen
  • 1954: Ball der Nationen
  • 1955: Climax! (Tëleesserie)
  • 1956: The Milton Berle Show (Tëleesserie)
  • 1956: The Ford Television Theatre (Fernseeserie)
  • 1956: Sneak Preview (Tëleesserie)
  • 1956: Death of a Scoundrel
  • 1957: The Life of Riley (Tëleesserie)
  • 1957: The Girl in the Kremlin
  • 1957: Playhouse 90 (Fernseeserie)
  • 1958: The Man Who Wouldn't Talk
  • 1958: Shower of Stars (Tëleesserie)
  • 1956-1958: Matinee Theatre (Tëleesserie)
  • 1958: Touch of Evil
  • 1958: Queen of Outer Space)
  • 1959: For the First Time
  • 1959: Lux Playhouse (Tëleesserie)
  • 1960: La contessa azzurra
  • 1960: Ninotchka (Tëleesfilm)
  • 1956/1961: General Electric Theater (Tëleesserie)
  • 1961: Mr. Ed (Tëleesserie)
  • 1962: Der Weg nach Hongkong (Tëleesserie)
  • 1962: Boys' Night Out
  • 1966: The Rounders (Tëleesserie)
  • 1966: Picture Mommy Dead
  • 1966: Meine bezaubernde Gräfin
  • 1967: Bonanza (Tëleesserie)
  • 1967: Jack of Diamonds (Fernseeserie)
  • 1968: Batman (Tëleesserie)
  • 1968: The Name of the Game
  • 1969: Bracken's World (Tëleesserie)
  • 1971: Mooch goes to Hollywood
  • 1971: Night Gallery (Tëleesserie)
  • 1972: Up the Front
  • 1976: As the World Turns (Tëleesserie)
  • 1976: Won Ton Ton
  • 1977: 3 Girls 3 (Tëleesserie)
  • 1978: Every Girl Should Have One
  • 1979: Supertrain (Tëleesserie)
  • 1980: Hollywood, ich komme
  • 1980: Love Boat (Tëleesserie)
  • 1981: The Goodwill Industries Telethon
  • 1981: The Facts of Life (Tëleesserie)
  • 1981: As the World Turns (Tëleesserie)
  • 1983: Matt Houston (Tëleesserie)
  • 1984: Frankenstein's Great Aunt Tillie
  • 1986: Charlie Barnett's Terms of Enrollment
  • 1987: Johann Strauß - Der König ohne Krone
  • 1987: A Nightmare On Elm Street 3 - Dream Warriors
  • 1991: The Prince of Bel-Air (Tëleesserie)
  • 1992: The Naked Truth
  • 1993: The Beverly Hillbillies
  • 1993: Happily Ever After (Stëmm)
  • 1996: The Brady Family 2

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gerold Frank: Zsa Zsa Gabor. Die Geschichte meines Lebens. Non-Stop-Bücherei, Berlin 1961.
  • Zsa Zsa Gabor: One lifetime is enough. Delacorte Press, New York 1991, ISBN 0-385-29882-X (zesumme mam Wendy Leigh)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zsa Zsa Gabor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hollywood-Diva Zsa Zsa Gabor ist tot
  2. Actress Zsa Zsa Gabor dead at 99