Treat Williams

Vu Wikipedia
Treat Williams
Gebuertsnumm Richard Treat Williams
Gebuer 1. Dezember 1951
Stamford
Gestuerwen 12. Juni 2023
Albany
Doudesursaach Motorradaccident
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Kannerbuchauteur, Theaterschauspiller, Regisseur, Sänger, Schauspiller

De Richard Treat Williams, genannt Treat Williams, gebuer den 1. Dezember 1951 zu Stamford am Connecticut a gestuerwen den 12. Juni 2023 zu Albany am Staat New York war en US-amerikanesche Schauspiller, Realisateur a Produzent.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Den Treat Williams huet an iwwer 100 Filmer a Serië matgespillt. Säin Debut hat en 1975 am Film Deadly Hero. Bekannt Filmer mam Treat Williams sinn Hair (1979), Deep Rising (1998) an The Phantom (1996).

Tëscht 2002 an 2006 huet den Treat Williams den Dr Andy Brown an der Serie Everwood gespillt. Vun 2016-2022 war hien an 53 Episoden vun der Serie Chesapeake Shores als Mick O'Brien ze gesinn.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Treat Williams ass un de Suitte vun engem Motosaccident gestuerwen. Hie war zanter 1988 mat der Pam Van Sant bestuet. Si hunn zwee Kanner: d'Elinor Williams gebuer 1988 an d'Gill Williams gebuer 1992.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Texan

als Produzent[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993: Bonds of Love

Video[änneren | Quelltext änneren]

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Treat Williams gouf fir den Golden Globe Award fir de Film Hair, wou hien den Hippie George Berger gespillt huet, nominéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Treat Williams – Biller, Videoen oder Audiodateien