Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem US-amerikanesche Schauspiller, deen als Star-Wars-Acteur bekannt gouf. Fir den Namensvetter vum dëse Schauspiller, och en US-amerikanesche Schauspiller, deen a Stommfilmer geschafft huet, kuckt wgl. Harrison Ford (Stommfilmschauspiller).
Den Harrison Ford, gebuer den 13. Juli1942 zu Chicago, Illinois, ass en US-amerikanescheSchauspiller. De Ford, deen ë. a. an dräi Filmer vun der Star-Wars-Serie als Han Solo ze gesi war, gëllt als ee vun deene Schauspiller vun der Filmgeschicht, déi am meeschte kommerzielle Succès hunn. Och an der Roll vum Archeolog an Aventurier Indiana Jones, déi en zanter 1981 a bis ewell 4 Filmer gespillt huet, ass hien enorm populär. A Filmer wéi Mosquito Coast (1986) und Regarding Henry (1991) konnt hie säi Kënnen als Charakter-Schauspiller ënner Bewäis stellen.
Seng éischt gréisser Nieweroll an engem Film war am George Lucas sengem Klassiker American Graffiti. An den 1960er an 1970er Joren huet hien als Schräiner geschafft, ier en als Schauspiller am éischte Star-Wars-Film säin Duerchbroch hat.