Star Wars

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Star Wars
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1977, 1980, 1983, 1999, 2002, 2005
Dauer -140
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie George Lucas
Dréibuch George Lucas
Fotografie Various
Musek John Williams
Produzent George Lucas
Rick McCallum
Schauspiller
Mark Hamill: Luke Skywalker
Harrison Ford: Han Solo
Carrie Fisher: Prinzessin Leia
Alec Guinness: Obi-Wan Kenobi
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Star Wars (Stäre-Kricher) ass eng vum Regisseur George Lucas geschriwwe Film-Hexalogie.

Déi dräi éischt Episoden (Episod IV, Episod V, Episod VI) goufe vun 1977-1983 gedréint.
Déi dräi nächst Deeler, déi chronologesch virun deenen anere spillen (Episod I, Episod II, Episod III), goufe vun 1999-2005 gedréint.

D'Star-Wars-Serie gehéiert hautdesdaags zu deenen erfollegräichste Filmer a gëtt ënner anerem als Kultfilm ugesinn.

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

Episod I - Eng donkel Bedroung[änneren | Quelltext änneren]

Episod I ass 1999 erauskomm.
De Jedi-Meeschter Qui-Gon Jinn flitt mat sengem Padawan Obi-Wan Kenobi op de Planéit Naboo, well d'Handelsfederatioun am Orbit iwwer Naboo eng Blockad opgebaut huet. Wat se net wëssen ass, datt den Nute Gunray, de Vizekinnek vun der Handelsfederatioun, sech mat engem Sith, dem Darth Sidious, zesummegedoen huet a virhuet eng Invasioun op Naboo ze starten. Well d'Kinnigin vun Naboo, Padmé Amidala, vun där Invasioun bedreet ass, starten de Qui-Gon an den Obi-Wan eng Rettungsaktioun. Si flüchte mat engem Raumschëff, dat ënnerwee beschiedegt gëtt an dowéinst op dem Wüsteplanéit Tatooine noutlande muss.

Do stousse se op de Sklavejong Anakin Skywalker, deen hinnen hëlleft genuch Suen ze sammelen, fir hiert Schëff ze reparéieren. Duerch eng Wett mat sengem Besëtzer huet de Qui-Gon et fäerdeg bruecht, den Anakin ze befreien an déi néideg Ersatzdeeler fir d'Raumschëff ze kréien, soudatt den Anakin mat hinnen op Coruscant fléie kann.

De Qui-Gon huet him do eng Ausbildung als Jedi versprach. De Rot vun de Jedi ass net iwwerzeegt vum Anakin, well dee schonn ze al ass an ze vill negativ Gefiller a sech dréit an domat riskéiert op déi donkel Säit vun der Muecht ze wiesselen. Well nach keng Entscheedung fir dem Anakin seng Ausbildung gefall ass, fléien de Qui-Gon an den Obi-Wan op Naboo, fir do d'Invasioun zeréckzeschloen.

Do begéine se engem Sith, dem Darth Maul, vun deem de Qui-Gon déidlech verletzt gëtt. Aus Roserei bréngt et den Obi-Wan fäerdeg den Darth Maul ze stierzen. An deene leschte Wieder vum Qui-Gon, biedelt hie beim Obi-Wan, den Anakin a senger Plaz auszebilden.

Sou wäert aus dem klengen Anakin e Jedi-Ritter a spéider och den Darth Vader ginn.

Episod II - Den Ugrëff vun de Klonkrigeren[änneren | Quelltext änneren]

Episod II ass 2002 erauskomm. Am Film gëtt gewise wéi sech den Anakin an eng Senatorin, d'Padmé Amidala, verléift, a sou géint de Jedikodex verstéisst.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Episod III - Revanche vun de Sith[änneren | Quelltext änneren]

Episod III ass 2005 erauskomm. D'Republik ass am Krich mam Count Dooku an der donkeler Sait vun der Muecht. De Count Dooku oder och Darth Tyranus huet mat engem gescheckten Trick kennen de Kanzler Palpatine entferieren. Zwee Jedi-Ritter trieden d'Rettungsmissoun un. den Generol Obi Wan Kenobi an sei Padawan den Anakin Skywalker de mam Padme bestouet ass a metlerweil am Jedi Rot setzt. Nodeem de Kanzler gerett an de Count Dooku dout ass, fennt den Anakin eraus, datt seng Fra schwanger ass. Me hien huet erëm Alpdrem, an hie gesäit seng Fra bei der Gebuert vu senge Kanner stierwen. Hien erzielt dem Yoda, dovun an och dem Palpatine. Desen notzt seng Angscht aus a bekeierten hien zur donkeler Sait vun der Muecht. Wärenddeems huet den Obi Wan den Generol Grievous embrouecht, allerdéngs stelle seng Klonkrieger sech geinnt hien, sowei am recht vun der Galaxis. All d'Jedi Ritter bis ob de Yoda an den Obi Wan stierwen duerch d'Klonkricher. Den Anakin geet an de Jedi Tempel a bréngt do déi kleng Padawanen ëm. Am Schlussduell trett de Yoda geint den Imperator un an den Obi Wan geint den Darth Vader. Den Yoda verleiert sein Kampf an geht op Dagobah an den Exil. Den Obi Wan schleit dem Anakin d'Feiss of. D'oropshi fält den Anakin an d'Lava vum Planeit Mustafar a verbrennt. Allerdéngs huet hie seng Fra virun dem Duell mam Obi Wan a sengem Hass schwéier verlezt duerch den Machtwürgegriff. Den Obi Wan hëlt dem Anakin säi Laserschwäert a geet. Den Darth Vader gëtt vu sengem Meschter fonnt an op Coruscant ausgeflunn a kritt do nei Féiss an Äerm, sou wéi dem Darth Vader seng Uniform ugedoen. D'Padme bréngt Zwilingen Luke a Leia op d'Welt, a stierft duerno. Den Obi Wan geet an den Exil op Tatooine. D'Galaktesch Imperium huet mam Bau vum Todesstern ugefaangen.

Episod IV - Eng nei Hoffnung[änneren | Quelltext änneren]

Déi erfollegräichst a mat 6 Oscare belount Film-Episod IV gëllt als Klassiker vun der Star Wars-Rei an ass 1977 erauskomm. Hei brauch d'Rebellioun Hëllef vum alen Obi-Wan Kenobi. Dësen hëlt de Luke Skywalker mat sech a befreit mam Pilot Han Solo a sengem Kopilot Chewbacca, a Begleedung vun zwéin Droiden (Roboter), d'Prinzessin Leia vum Doudestär. Spéider zerstéiert de Luke den Doudesstär.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Star Wars: Episode IV - A New Hope.

Episod V - D'Imperium schléit zeréck[änneren | Quelltext änneren]

Episod V koum 1980 eraus. De Luke absolvéiert eng Jedi-Ausbildung beim berüümte Meeschter Yoda. Dem Luke seng Frënn ginn op Bespin beim Lando Calrissian gefaangen an de Luke brécht op fir se ze retten. Dohanne kënnt et zu enger Konfrontatioun mam Darth Vader, deen dem Luke de berüümte Saz matdeelt: „Ech sinn déi Papp!“

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Star Wars: Episode V - The Empire Strikes Back.

Episod VI - D'Jedi-Ritter kommen zeréck[änneren | Quelltext änneren]

De leschte Film vun der Star-Wars-Saga ass 1983 erauskomm. Et gëtt gewise wéi den 2. Doudestär zerstéiert gëtt an de Luke säi Papp, den Darth Vader, zu der gudder Säit bekéiert. Sou stierzt den Darth Vader säi Meeschter, den Darth Sidious, mä stierft kuerz duerno.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Star Wars: Episode VI - Return of the Jedi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]