Schräiner
D'Schräinerhandwierk huet sech lues a lues spezialiséiert. Haaptbranchë sinn:
- d'Miwwelschräiner an d'Sculpteuren, souwéi
- d'Bauschräiner.
- d'Modellschräiner.
Haut gi kaum nach gewéinlech Miwwele vun de Schräinere fabrizéiert. D'Fabrikatioun vu gewéinleche Miwwelen gouf no an no vu Miwwelfabrécken iwwerholl, déi duerch hir Seriëproduktioun méi bëlleg schaffe kënnen.
D'Bauschräinerei hirersäits ass haut konzentréiert op e puer grouss Betriber, vun deene verschiddener éischter ënner de Begrëff Klengindustrie, wéi ënner de Begrëff Handwierk falen. De sougenannten Duerfschräiner gëtt et wuel nach, awer et gëtt der ëmmer manner.