Sigourney Weaver

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sigourney Weaver

D'Susan Alexandra ("Sigourney") Weaver, gebuer den 8. Oktober 1949 zu New York, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Vun hirem éischten Optrëtt virun enger Kino-Kamera si 6 Sekonne Rescht bliwwen. Dat war 1977 am Woody Allen sengem Annie Hall.

Mat der Roll vun der Ripley aus dem Film Alien vum Ridley Scott ass d'Sigourney Weaver op ee Schlag bekannt ginn. An den dräi Suitten Aliens, Alien 3 an Alien: Resurrection war si an derselwechter Roll ze gesinn.

Si huet an hirer Carrière mat ville bekannte Regisseuren, wéi dem Peter Weir, dem William Friedkin, dem Mike Nichols, dem Jean-Pierre Jeunet an dem Roman Polanski zesummegeschafft.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Sigourney Weaver (2010)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sigourney Weaver – Biller, Videoen oder Audiodateien